Ofdreiwung ass kee Mënscherecht !

D’ADR huet mat Verwonnerung festgestallt, datt de Lëtzebuerger Gesondheetsministère sech un enger sougenannter „Journée internationale du droit à l’avortement“ bedeelegt, déi den 28. September 2021 soll begaange ginn. D’ADR erënnert drun, datt et keen esou international unerkannt Recht gëtt, mee datt d’Ofdreiwung vun de Staaten an Ausübung vun hirer Souveränitéit rechtlech gereegelt gëtt, wat e groussen Ënnerscheed ass. Bei der Ofdreiwung stierft ëmmer een ongebuere Kand. Et ka keen allgemengt Recht ginn, ausser am Fall vun Noutwier, dat engem anere Mënsch säi Recht op Liewe géing huelen.  

D’ADR steet prinzipiell fir de Schutz vum Liewen. Fir Fraen a Meedercher an aneren Ëmstänn, besonnesch wa si an Noutsituatioune sinn, muss all Hëllef opstoen. Et ass inakzeptabel, datt vill vun hinne sech aus psychologeschen, materiellen oder finanzielle Grënn fir eng Ofdreiwung entscheeden. Dowéinst  verlaange mir, datt Organisatiounen, déi dëse Fraen Hëllef ubidden, grousszügeg ënnerstëtzt ginn. Generell muss ee gratis Zougank zu Verhiddungsmëttele garantéiert sinn. Eng Ofdreiwung opgrond vum Geschlecht vum Kand leene mir decidéiert of. Datselwecht gëllt fir all Ofdreiwungsmethoden, déi dem ongebuerene Kand vill Péng bereeden.

D’ADR vertrëtt eng Indikatiounsléisung, déi z.B. am Fall vun enger Vergewaltegung oder bei Gefor fir d’Liewe vun der Mamm oder och bei schwéiere gesondheetleche Problemer vum Kand  d’Ofdreiwung erlaabt. D’ADR wëll och en Ausbau vun de medezineschen, sozialen a psychologesche Berodungen, déi de Fraen an aneren Ëmstänn zur Verfügung stinn.   

Et muss séchergestallt sinn, datt kee Member vum medezineschen oder paramedezinesche Personal géint säi Wëllen un enger Ofdreiwung deelhuele muss. Leider huet d’EU-Parlament de 24. Juni 2021 een Dokument (de sougenannte Matić-Rapport) ugeholl, deen d’EU-Staaten opfuerdert, Ofdreiwung als „Mënscherecht“ unzegesinn, woubäi d’EU mat dëser Decisioun massiv an d’Souveränitéitsrechter vun de Memberstaaten agegrëff huet. De Matić-Rapport leent och explizitt d’Gewëssensentscheedung vu medezineschem Personal of, dat net un Ofdreiwunge matwierke wëll. Leider huet keen eenzege Lëtzebuerger Europadeputéierte géint dee Rapport gestëmmt. D’ADR hält domat als eenzeg Partei un dëser Gewëssensfräiheet fest an ass weiderhin der Meenung, datt Ofdreiwung kee Mënscherecht, mee, a rechtlech determinéierten Ausnamefäll, eng Noutfallhandlung ass. 

 Pressematdeelung vum 24. September 2021

Deel dëse Post: