Ofbau vu lokale Postbüroe muss en Enn kréien!

D’ADR kritiséiert scho méi laang den Ofbau vu lokale Postbüroen am Land, och d’Konsumenteschutz-Organisatioun ULC huet scho méi wéi eemol dogéint proadréiert! Zenter dem Ufank vun der Covidkris huet d’Lëtzebuerger Post uechtert d’Land awer net manner wéi 18 Filialen zougemaach! D’Decisioun fir de Reseau vu Postagencen zolidd erofzeschrauwen war schonn 2015 gefall, deemools huet et geheescht datt d’Post am Kader vu Spuermesurë 35 vun den deemools nach am ganze 97 Post-Filialen am Land zou misst maachen. Ewell sinn et der awer scho villméi. Traureg och, datt et an der zweetgréisster Stad vum Land, zu Esch-Uelzecht, nach just een eenzege Postbüro gëtt dee fonctionnéiert, an zwar am Zentrum an der Rue Zénon Bernard, wou och nach quasi keng Parkplaz ze kréien ass! D’ADR erënnert de roude Wirtschaftsminister dorunner datt lokal Post-Filialen e wichtege Bestanddeel vun der Liewensqualitéit vu ville Bierger sinn, zemools fir eeler a vulnerabel Leit! Stellt sech dann déi grouss Fro firwat d’Regierung net bei der Post intervenéiert, wou de Staat jo e groussen Afloss huet, fir datt keng weider Filiale méi zougemaach ginn, respektiv anerer nees opgemaach ginn.

 

 

 

Deel dëse Post: