Ökologesch Zäitbomm Ronnebierg

Ufanks den 1970er gouf deemools illegal ugefaangen, den alen Dagesbau Ronnebierg, wou wärend 100 Joer Minett ofgebaut gouf, lues a lues mat Dreck zouzetippen. De Ronnebierg mat 6 ha gehéiert zu 1/3 der Suessemer an 2/3 der Déifferdenger Gemeng.

1974 kritt Firma Lamesch vum Inneminister Emile Krieps (DP) déi offiziell Erlabnis, fir eng Mülldeponie ze bedreiwen. Den deemolege Buergermeeschter Roger Krier (LSAP) a säi Schäfferot hu sech am ganzen Dossier lethargesch verhalen, sou wéi den haidege Schäfferot, wann et em Zukunft vum Ronnebierg geet.

Den Dreck vum Ronnebierg huet aus problemateschem Industriedreck, Pneuen, Farfoffäll, Schlämm, Fluchäschen, Sidorréckstänn, Schluechtoffäll an Hausoffäll bestanen. Aner grouss Clienten vum Ronnebierg waren awer och DuPont de Nemours, Goodyear, ARBED, Sidor (ab 1977), Uniroyal, FAN-Beetebuerg, Monsanto an nach vill anerer!

De Ronnebierg war a kann och net an Zukunft als „einfachen Dreckstipp gekuckt ginn, zemools, well am Ronnebierg héichgëfteg Dioxinfässer aus der Ëmweltkatastroph SEVESO/Italien vermutt ginn. Als „Sahnehäubchen“ kann een awer och nach de verfestegen Asbest nennen, deen d‘Zesummesetzung vum Ronnebierg nach méi „attraktiv‘‘ mécht. De Ronnebierg war zäitweis méi héich wie den Zolwerknapp. Et gëtt geschat dass ëm 1 Millioun Kubikmeter deelweis ganz brisanten Dreck um Ronnebierg verbuddelt goufen.

53 Kubikmeter onproppere Methangas produzéiert de Ronnebierg pro Stonn, déi einfach an d‘Natur ofgeloss ginn. Waasserprouwe vun der Kuer (Chiers/Korn) gi sporadesch geholl, a komescherweis ass bis elo do nach näischt Opfälleges fonnt ginn.Och hei ass Fro, wéini ginn se gemaach?

De Ronnebierg ass ee Bierg, wou ni Beem därfen drop wuessen, well d‘Gefor besteet, datt Wuerzelen vun de Beem déi verschidden Ofdeckschichten duerchdréngen a Sickerwasser a Chiers oder Grondwaasser kennt.

D‘Vergaangenheet war déi läscht 50 Joer net glorräich mee d‘Zukunft gesäit net besser aus. Mam iwwerflächleche Versigele vum Ronnebierg ass fir vill Politiker déi Saach Geschicht. Mee de beschten eechene Sargdeckel déngt näischt, wann de Buedem vum Sarg aus Balsaholz ass a plazeweis warscheinlech schonns net méi existéiert.

D’Auer tickt …

Deel dëse Post: