D’EU-Kommissioun huet nach ëmmer net verstanen, datt all Bierger e Recht op Privatsphär huet. An engem Text, deen deslescht verëffentlecht ginn ass, gëtt nämlech nach ëmmer verlaangt, datt d’Donnée vun de Baueren, deenen eng finanziell Hëllef zougesprach gouf, um Internet publizéiert ginn. D’ADR ass der Meenung, datt den Equiliber tëscht Transparenz an Dateschutz net respektéiert gëtt a verlaangt, datt sech d’Regierung um europäeschen Niveau géint dës Moossnam wiert.Zënter 2008 besteet e Reglement, wat ëmmer nees an d’Kritik geroden ass: d’Donnée vun de Baueren, deenen am Kader vun der europäescher Agrarpolitik eng finanziell Hëllef zougesprach gëtt, musse publizéiert ginn. Den Numm vum Bauer, respektiv vum Betrib, an d’Héicht vun de Subventioune gehéieren zu den Informatiounen, déi um Internet ze fanne waren. No enger Klo, déi vun zwee Hessen agereecht gouf, huet den Europäesche Geriichtshaff allerdéngs festgehalen, datt esou eng Moossnam engem onzoulässegen Agrëff an d’Privatsphär vun de Betraffenen entsprécht. Een Deel vun der Direktiv ass ausser Kraaft gesat ginn.

Ëmsou méi ass et verwonnerlech, datt d’EU-Kommissioun sech weigert, dat Uerteel ze respektéieren an d’Gesetzgebung an déi richteg Richtung z’änneren. Si huet sech wuel op en neien Text gëeenegt, mä dëse bréngt net déi néideg Besserunge mat sech. Et ass nämlech virgesinn, datt d’Baueren, déi eng méi geréng Subventioun kréien, net méi ernimmt ginn. Dat geet an den Ae vun der ADR net duer, fir den Dateschutz ze garantéieren. Déi meescht Bauere géinge souwisou iwwert der festgesatener Grenz leien a missten deementspriechend och an Zukunft vill Privates vu sech ginn, fir kënne vun de finanziellen Hëllefen ze profitéieren.

D’ADR bleift der Meenung, datt jiddereen e Recht op Dateschutz an op Privatsphär huet, a fuerdert dowéinst d’Regierung op sech um europäeschen Niveau géint dës Moossnam ze wieren. Transparenz ass sécherlech a ville Beräicher néideg, mä si däerf net als Virwand fir d’Verwierklechung vum „gliesene Bierger“ benotzt ginn.