“Obdachlosegkeet: A wéi fängt een déi Leit mat Zäiten op ?” Dëst war de Sujet vun enger Pressekonferenz e Freideg, den 9. Mäerz 2012. De Fernand Kartheiser huet d’Regierung opgefuerdert, eng „National Strategie géint d’Obdachlosegkeet“ esou schnell wéi méiglech ëmzesetzen, an eng Interpellatioun an der Chamber zu dësem Sujet ugekënnegt.

D’Gesellschaft kann net alles, an si kann sech net der individueller Verantwortung ersetzen. Mä d’ADR, als sozial engagéiert Partei, rifft op ze kucken dat legislativ oder aner Bestëmmungen, d’Situatioun vun deene Leit net iwwerflëssegwéis verursaachen oder verschlëmmeren. D’Gesellschaft soll do hëllefe wou et méiglech ass, fir dat déi Leit erëm Fouss faassen, an hirem eegenen Interessi, mä och an dem vun der Gesellschaft allgemeng.

D’ADR intepelléiert d’Regierung op dëse Punkten:

  1. Gëtt et en éischte Bilan iwwert d’Reform vun de Sozialämter? Ginn et genuch Ressourcen – personell a finanzieller Aart – fir Leit a grousser Nout ze hëllefen?
  2. Ass d’Regierung bereet, och a finanziell méi schlechten Zäiten, d’Associatioune méi staark ze ënnerstëtzen déi sech fir Leit ouni en Dag iwwert dem Kap asetzen? Ass d’Regierung bereet, an Zesummenaarbecht mat de Gemengen, méi dezentral Ariichtungen ze förderen?
  3. Ass d’Regierung bereet mat de Gemengen d’Sozialbutteker iwwert d’Land weider auszebauen an ze förderen?
  4. Wéi eng Moossname wëllt d’Regierung huelen, an Zesummenaarbecht mat de Gemengen, fir der Praxis vum „rayé d’office“ entgéint ze trieden, esou datt déi Betraffen eng offiziell Adresse kënnen halen?
  5. Gi genuch Efforte gemeet fir de soziale Wunnengsbau? Wéi ass et mat der Waardelëscht an Etablissementer wéi dem Fonds de Logement oder der Agence immobilière sociale ?
  6. Sinn d’Besoine vu Leit a psychiatrescher Behandlung gedeckt, z.B. iwwert de Projet „Liewen dobaussen“, oder mussen do nach weider Efforte gemeet ginn? Ass sécher gestallt, datt och nëmmen déi entlooss ginn déi kënnen autonom liewen ?
  7. Ass d’Regierung bereet dofir ze suergen datt d’Reinsertioun vun Ex-Prisonnéier besser fonctionnéiert, z.B. datt all permanente Resident deen net iwwert eege Mëttelen oder familiär Ënnerstëtzung verfügt fir eng Iwwergangszäit an eng fest Wunneng kann zéien déi hien vum Staat ugebuede kritt?
  8. Ass d’Regierung bereet genuch Wunnenge fir eng Iwwergangszäit bereet ze stellen, z.B. a spezielle Foyeren, fir Drogenofhängeger respektiv Leit déi sech vun dëser Ofhängegkeet konnte befreien ?
  9. Ass d’Regierung gewëllt, e Foyer fir Männer an Nout anzeriichten, op de Modell vun de Foyere fir Fraen?
  10. Wéi eng Regelunge wëllt d’Regierung um europäesche Plang prekoniséiere fir d’Situatioun vun den auslänneschen „SDF“ ze regelen?

Weider verlaangt d’ADR, datt d’Chamber esou schnell wéi méiglech de Gesetzprojet 6252 iwwert d’allocation de logement an d’allocation de loyer an6021 iwwert d’Iwwerverscholdung ëmsetzt.
D’Foyeren sollen sécherstellen, datt jiddereen e Schaf huet fir seng Saachen anzespären, seng Pabeieren a Suë ka secher ofginn oder wechspären an eng Hëllef, bei administrativen Démarchen, wéi zum Beispill beim Ersetzen oder Verlängere vu Pabeieren, Démarchen am Krankheetsfall an esou virun. (Photokopien, Taxen, Timberen).

Iwwert dëse Pak vu konkrete Moossnamen hofft d’ADR d’Zuel vun de Leit déi zu Lëtzebuerg keen Dach iwwert dem Kap hunn staark ze reduzéieren.