Nodeems d’ADR regelméisseg de Fanger op d’Wonn leet, mécht och eng Gewerkschaft op déi verantwortungslos Familljepolitik vun der Regierung opmierksam. Duerch d’Desindexéierung vum Kannergeld a vun der “allocation de rentrée” ass de Wäert vun deene staatlechen Hëllefen ëm 13% erofgaangen. D’ADR ass der Meenung, datt et aner Beräicher gëtt, an deene kéint gespuert ginn. D’Familljen ëmmer méi ze belaaschten ass a bleift inakzeptabel.

Ëm déi 2000 Euro sinn de Famillje mat zwee Kanner duerch d’Desindexéierung vum Kannergeld verluer gaangen. Fir eng Famill mat 3 Kanner beleeft sech de Verloscht souguer op méi wéi 4000 Euro. Dëst huet den OGBL ausgerechent a beweist op en Neits, datt déi aktuell Regierung – trotz dem “C” am Numm vun engem vun de Koalitiounspartner – net kapabel ass eng familljefrëndlech Politik ze féieren an an d’Zukunft vun eisem Land z’investéieren.

Fir déi onbeléift an ongerecht Mesuren ze kompenséieren ass virun de leschte Chamberwalen nach séier de System vun de Chèques-service ageféiert ginn. D’ADR ass natierlech bereet fir iwwert Léisungsméiglechkeeten ze diskutéieren, déi et den Eltere géingen erlaben d’Beruffs- an d’Familljeliewe besser ënnert een Hutt ze kréien. Mä d’Rechnung vun deem Walkado ass am Ablack nëmmen eng weider Belaaschtung vun engem souwisou schonns strapazéierte Staatsbudget. Datt déi schwaarz-rout Koalitioun deemools op de falsche Wee gaangen ass, huet si musse selwer zouginn, andeems d’Tariffer op den éischte September erhéicht goufen. Doduercher gi besonnesch d’Eltere mat mëttlerem Akommes weider bestrooft. Et sief och drun erënnert, datt d’Famillje mat Jugendlechen ënnert de verschidde Reforme leiden, well se weder vun de Chèques-service nach vun de Studiebäihëllefe kënne profitéieren.

D’ADR kann net novollzéien, datt d’Elteren, déi sech doheem ëm hir Kanner këmmeren, vun der Regierung am Stach gelooss ginn. D’Mammen an d’Pappen, déi dëser wichteger Aktivitéit noginn, verdéngen net nëmmen Unerkennung, mä och méi Sécherheet. Dofir setzt sech d’ADR fir d’Aféierung vun engem Betreiungsgeld a fir eege Pensiounsrechter fir dës Leit an. Wann e Staat nëmmen eng eenzeg Liewensweis ënnerstëtzt an net déi aner, dann entsprécht dat engem onzoumuttbaren Agrëff an d’Privatliewen.

Richteg ass, datt eis Staatsfinanze musse sanéiert ginn; falsch ass, datt dëst op Käschte vun de Famillje gemeet gëtt. D’Regierung sollt op Projete verzichten, déi näischt zum Wuel vun der Bevëlkerung bäidroen, wéi z. B. den Tram, an endlech méi an Zukunft vum Land investéieren!

Fir dat schwieregt Joer ass d’Regierung selwer verantwortlech!

D’Spuerpropositioune vun der ADR