Net genuch Personal fir d’Beootmungsgeräter?

Aus engem oppene Bréif vun der Infirmièresassociatioun geet ervir, datt d’Infirmiere mat enger Spezialisatioun, fir kënnen d’Respirateuren ze bedéngen a beotemt Leit ze fleegen, zu 46 Prozent am Ausland wunnen. Zousätzlech besteet de Risiko, datt dëst Personal am schlëmmste Fall kéint  vun de Nopeschlänner agezu ginn, fir d’Versuergung vun der eegener Populatioun sécher ze stellen. Huet Lëtzebuerg also am Eeschtfall net dat néideg Personal, fir Beootmungsgeräter kënnen ze bedéngen? Den Nord-Deputéierte Jeff Engelen geet där Saach op de Fong.

Deel dëse Post: