Neijooschpatt vun der ADR-Sektioun Péiteng: d’Ried vum Gemengeconseiller Joe Thein

Den 8. Januar 2014 huet d’ADR-Sektioun Péiteng op en Neijooschpatt invitéiert. Ronn 75 Leit hunn dann och de Wee bis an d’Kulturhaus ‘A Rousen’ fonnt.

Hei ass d’Ried vum Gemengeconseiller Joe Thein.

no images were found

Dir Dammen an dir Hären,

Ech heeschen Iech häerzlech Wëllkomm um desjäregen Neijooschpatt vun der ADR-Sektioun Péiteng!

Fir d’éischt muss ech Iech leider matdeelen, datt eise Sektiounspresident Pipino Di Domenico aus gesondheetleche Grënn net um Patt deelhuele kann, a mir wënschen him vun dëser Plaz aus eng gutt Besserung! Entschëllegt ass awer och eisen Nationalpresident Jean Schoos, deen opgrond vun anere Verflichtungen net hei ka sinn.

Wëllkomm heeschen ech ons dräi ADR-Députéiert, mat virop dem Haaptmann Gast Giberyén, dem Fernand Kartheiser an dem Roy Reding. Mir hunn herno déi grouss Chance, eisen neien, honorablen Deputéierte Roy Reding an engem intressante Speech ze héieren. Merci iech dräi, datt dir haut hei sidd, a mat ganz vill Intressi op d‘Gemeng Péiteng, an op ons stäerkste Parteisektioun, ustousst.

E Merci och der ganzer Equipe ëm d’Monique Thein-Weber fir d’Matorganisatioun, de Kollegen déi haut Service leeschten, an eisem Keessier dem Mathias Geschwind, ouni deem seng formidabel Gerance vun der Keess de Patt onméiglech gewiescht wier.

Ech wëll awer och déi verschidde Gemengeconseilleren, Lokalpolitiker, an d’Leit aus de Veräiner begréissen. Iech alleguerte léif Bierger, Frënn vun der ADR a Memberen, e ganz décke Merci fir Äert Kommen, et erfëllt eis Partei mat ganz vill Satisfaktioun. Dir éiert mat ärem Acte de présence eis ganz politesch Aarbecht an eise ganzen Aktivismus. Dësen Neijooschpatt ass traditionell de Suivi vum leschten Neijooschpatt, an den Optakt an eng nach méi staark Oppositiounspolitik.

Am Numm vun der ADR-Sektioun Péiteng, wënsche mir Iech an Ärer Famill alles Guddes am neie Joer, eng gutt Gesondheet, a ganz vill Gléck fir d‘Zukunft.

Léif Frënn,

Villmools Merci dann awer och fir äre geniale Support bei de Chamberwalen. Hei ass d’Bilanz vun der ADR:

Mir hunn en nationaalt Resultat vu 6,64%, wat deementspriechend dräi Sëtz an der Chamber entsprécht. De Süde schneit mat 7.52 %, an domat 2 Sëtz, of. Péiteng selwer kuckt op 8,59% zeréck, wat 10 428 Stëmmen (an dovu 7360 Lëschadrëmmen) entsprécht. Dat ass quasi de Status quo, wat beweist, datt d’ADR eng fest etabléiert Kraaft zu Péiteng ass!

D’Kandidaten, déi vun der ADR-Sektioun Péiteng nominéiert goufen, hu folgendermoossen ofgeschnidden:

Joe Thein, 4/23 Kandidaten, 5545 Stëmmen (dovu 665 zu Péiteng)
Pino Di Domenico, 12/23 Kandidaten, 4746 Stëmmen (dovu 491 zu Péiteng)
Monique Thein-Weber, 16/23 Kandidaten, 4620 Stëmmen (dovu 478 zu Péiteng)

D’ADR hëlt hiert gutt Resultat mat ganz vill Zefriddenheet zur Kenntnis. Och mäi perséinlecht Resultat erfëllt mech mat ganz vill Houfert, Freed a Respekt. Net méi spéit ewéi gëschter hunn ech och dowéinst eisem Nationalkomitee meng potentiell Kandidatur fir d’Europawale geschéckt. Loosse mer mol kucken, wat dobäi erauskënnt.

Är Ënnerstëtzung gëtt mir jiddefalls déi néideg Energie a Motivatioun fir mech weider als äre Conseiller zu Péiteng anzesetzen, an eise Géigner, déi ëmmer nees mam Alter oder mam rietspopulistesche Virworf kommen, deene sief gesot, datt Politik keng Alterssaach ass, mä reng mat Wielerwëllen ze dinn huet, an datt grad elo Lëtzebuerg eng volleksno a patriotesch Alternativ brauch.

Dat heite sinn d’Ziler vun der Reformpartei:

• D’Stäerkung vun eisem Rechtsstaat, senger Demokratie an Transparenz, an domat och de Kampf géint Korruptioun an Ongerechtegkeeten;

• De konsequenten Asaz fir eis Souveränitéit, Identitéit an d’Subsidiaritéit vun eisem Land; mir trieden an fir en Europa vun de Natiounen.

• Fir d’Erhalung an d’Förderung vun eisem historeschen a kulturellen Ierwen zu Lëtzebuerg; mir setzen ons an fir d’Lëtzebuerger Sprooch, fir eng richteg aktiv Integratioun vun den Auslänner an d’Verdeedege vun de Mënscherechter;

• Fir eng qualitativ héichwäerteg Ausbildung mat gudde Schoulofschlëss, enger Schoulpolitik, déi sech fundamental vun der leschter Delvauxreform ënnerscheet

• Fir d’Opwäertung vun de Familljen, déi d’Kärzell, an domat d’Schlësselroll vun der Gesellschaft sinn

• Fir eng professionell Finanzpolitik, déi mat Nohaltegkeet a Respekt virun de Sue fonktionnéiert

• Fir d‘Rentegerechtegkeet an eisem soziale Pensiounssystem, fir dee mir säit der Grënnung als 5/6-Komitee kämpfen

• Fir e modernt Verkéierskonzept, dee „City-Tunnel“ heescht an de Verkéiersproblem mat Attraktivitéit léist

Léif Kollegen,

Villmools Merci fir d’Nolauschteren. Et ass mir eng Freed, Iech elo den Deputéierten Roy Reding z’annoncéieren.

Deel dëse Post: