En Donneschdeg, den 19. Januar 2012, hate mir eis Neijoersreceptioun um Zens am Centre social et culturel. Den Nationalpräsident Roby Mehlen huet d’Joër 2011 resuméiert an déi politesch a sozial Aussichten fir 2012 op de Punkt bruecht. Zirka 100 Léit an d’Presse hunn sech fir e flotten Owend an enger gudder Stëmmung um Zëns afonnt.

De Video vum Neijoierspatt op Youtube

An dem Nationalpräsident seng Ried am Schrëftlechen:

2011 war d’Jar vun de Prabbelien an den Hiewelen, de Rettungsprabbelien fir den Euro an den Hiewelen fir d’Prabbelien méi grouss opzemaachen

2012 déi selwecht Suergen
Bal all d‘Euro-Länner sinn iwer all verstänneg Mooss verschëlt. Mëssuechtung vun de Maastricht-Kritären, Politiker, déi systematesch méi Geld ausginn, wéi se es hunn!

Och zu Lëtzebuerg!
Och hei mecht de Staat massiv Defizitter. Och hei klëmmt d’Staatsschold rapid. An eis ekonomesch-finanziell Situatioun ass méi vulnérabel wéi an anere Länner.

Et gëtt ëmmer nach onmoossech vill Geld moutwëlles verbëtzt. Sief et, datt ze opwändeg gebaut gëtt, sief et, datt falsch geplangt gëtt, sief et datt Gaffe bei der Ausféierung geschéien.

E gutt Beispill ass den Tram: Iwer 10 Mio Euro an d’Etuden … An elo geschitt dat, wat d’ADR ëmmer gesot huet: e gëtt nëtt gebaut. Gott sei dank – da gëtt dat Geld alt wéinegstens nët zur Fënster erausgehäit.
Zitat vum Här Bëttel: Komm mir bauen en, wann et wiirklech dat ass, wat gebraucht gëtt! De Buergermeeschter vun der Stad weess nët, ob den Tram gebraucht gëtt!!!
Mee wann d’Häre Bettel a Bausch onbedéngt gären mam Tram spillen, da sollen se kucken, datt se e bezuelt kréien, de Steierbezueler däerf jiddefalls duerfir nët misse bludden.

En zweete Chantier, op deem alles drënner an driwer geet, ass den Enseignement.
Niveau ass dramatesch gefall a fällt weider Schoulreform vum Primaire ass voll dernieft gaang Demotivatioun vum Léierpersonal,  Irritatioun a grouss Suerg bei den Elteren

An elo am Secondaire dat selwecht!
Ministerin onfäheg, déi Reform a Rou an am Dialog mat alle Partner virzebereeden

Wou endegt eist Land, wa mer dat wäertvollst wat mer hunn, d’Matière grise an d’Kreativitéit vun eise Kanner esou verbëtzen.

CSV-Generalsekretär Marc Spautz: Méi manuell Aarbechtsplazen!!

Ageständnis vu Kapitulatioun virun de Problemer am Enseignement!

Ass dat der CSV hir Aentwert op d’Lissabonn-Strategie?

Sécher, en Deel vun de Problemer ass op déi héich Zuel vun Immigrante-Kanner zréckzeféiren.

Mee da muss een sech deene Problemer stellen!

Wéi d’Léierpersonal vum Primaire virun de leschte Wahlen manifestéiert huet, huet den Här Juncker de Problem mat enger massiver Erhéijung vun de Gehälter geléist.

Et wäer méi responsabel gewiescht, en hätt sech ëm déi wiirklech Problemer am Enseignement gekëmmert, déi séng Ministesch nët kapabel ass ze léisen.

Mee et ass der CSV jo ëm d’Stëmmen vum Léierpersonal gaangen an nët esouvill ëm d’Zukunft vun eise Kanner!

Méi wichteg wéi den Immigratiounshannergrond:

Den Encadrement doheem. Sozial schwaach Famillgen!!! sinn de Problem Léisung: Crèchen a Maisons d’accueil – Chèques services accueil?
ADR-Modell: Famillgenzoulagen fir all gläich, mee besteiren – (sozial Selektivitéit iwer d’Besteierung) Fräiheet ze décidéiren, doheem ze bleiwen – Cotisatiounen bezuelen > Kiirzlech Pressekonferenz > mir bleiwen do drun

Déi beschte Bekämpfung vum Chomage sinn nët d’Beschäftegungsinitiativen vun CSV an LSAP –pardon- LCGB an OGBL, mee eng zolitt Erzéiung a Bildung fir eis Kanner a Jugendlech.

Awer de Comage klëmmt a klëmmt, bis d’Faass eng Kéier iwerleeft.

A mir hoffen, datt dann déi Responsabel zur Verantwortung gezu ginn.

Dozou gehéiren och d‘Bau-Land-Präisser
Leit mussen zu zwee schaffe goen
Regierung kritt dee Problem nët an de Grëff

Genuch Bauland erschléissen, awer Konditiounen virdrun festleeën
Genehmigungsprozeduren / PAG-en onmoossech laang

Loosst mech nach e Wuert zum Emwelt-Beräich soen:
Investitiounen an all méiglechen Humbug an alles dräimol ze deier! Mee do wou et wiirklech néideg gewiescht wäer, do ass nët vill geschitt:
Retard an der Moderniséirung vun de grousse Kläranlagen:
11.000 Euro den Dag an dat wéinegstens fir déi nächst 5-6 Jar!

Energie: Well do jarelaang geschlof ginn ass, musse mer fir fuerchtbar vill Geld CO2-Emissiounsrechter akafen. Mat deem selwechte Geld hätte mer hei am Land vill ëffentlech a privat Gebaier energetesch kënne sanéiren an eis manner vum Energie-Import ofhängeg maachen.

An der Landwirtschaft ass d’Dëppen vun den Investitiounshëllefen zwee Jar virum Auslafen vum Agrargesetz eidel, um Härebierg muss de Minister eng Revolutioun mat Boxemännercher néierschloen, an en desillusionéierte Wirtschaftsminister léisst eise Grand-Duc op enger Wirtschaftsmissioun einfach am Stach a kënnt heemgeflunn fir dem Land ze erklären, datt en d’Flemm mat dëser Regierung hätt.

Dat eenzegt, wat dës Regierung a leschter Zäit fäerdeg bruet huet, ass d’Decisioun, den Index ze manipuléiren. Dat virum Hannergrond vun der Tatsaach, datt d’Akommesschéier tëschend deene klengen an deenen héije Gehälter staark auserneen gaangen ass. Dës geplangten Indexmanipulatioun trëfft duerfir just déi Leit mat klenge Léin a Pensiounen, déi et duerch d‘Präisdreiwerei vun der Regierung ëmmer méi schwéier kréien, fir d’Enner beieneen ze kréien.

Loosst mech mat engem Zitat aus dem Leitartikel vum Luxemburger Wort v. 3.12.2011 schléissen:

„….Die dialogrenitente Unterrichtsministerin treibt Professoren und Schüler zur Weißglut.Der desillusionierte Wirtschaftsminister schmeißt hin, will noch was vom Leben haben… Die nächste Frage, die weh tut; noch eine schlimme Ahnung: Kann es sein, dass uns die Politiker mit Mut, Fantasie und Visionen abhanden gekommen sind?….“

Neen et gët se nach! Mee et soll een se vläicht besser nët an d’Regierungsequipe siche goen!