De 26. November huet sech de Diddelenger Gemengerot ënnert anerem mat zwee Punkte beschäftegt, zu deene sech d’ADR méi kritesch geäussert huet. Et handelt sech ëm d’Erhéijung vun den Offalltaxen an ëm en Aktiounsplang fir d’Gläichberechtegung vu Fraen a Männer.

Um Programm stoung ënner anerem eng Erhéijung vun den Offalltaxen. De Schäfferot huet eng Erhéijung vu 15% vun der „Taxe mensuelle“ proposéiert. Dëse Schratt wier néideg, well nom neien Offallgesetz, dat an der Chamber mat de Stëmme vun der LSAP, awer ouni déi vun der ADR gestëmmt ginn ass, dës Servicer käschtendeckend musse sinn. Och sinn d’Recettë bei den Taxe fir d’Eidelmaachen erofgaangen, well d’Bierger den Offall besser trennen a vun de Servicer vun der Valorlux profitéieren.

Zu Diddeleng gëtt also de Bierger dofir gestrooft, datt en sech d’Méi mécht den Offall ze trennen!

Et ass an den Ae vun der ADR an enger Zäit vum sozialen Ofbau e schlechte Moment fir Taxenerhéijungen. Et ass net richteg, datt de Konsument eleng fir den Offall muss bezuelen an den Haaptverantwortlechen – d’Industrie mat den iwwerdriwwe Verpackungen – net responsabiliséiert gëtt.

Logescherweis huet d’ADR och am Gemengerot géint dës Taxenerhéijung gestëmmt.

Bei engem weidere Punkt op der Dagesuerdnung, der Virstellung vum „ Kommunalen Aktionsplan zur Förderung der GleichstellungvonFrauenund Männer“ huet d’ADR erkläert, datt se sech bei enger spéiderer Ofstëmmung enthale wäert. Ee vun de Punkten ass en Opruff zur paritéitescher Besetzung vun de berodende Komissiounen. Dat bedeit an dësem Fall eng Quoteregelung. D’ADR ass formell géint eng Quoteregelung. D’Besetzung vun de Komissiounen oder Poste soll eenzeg an eleng no de Kompetenze besat ginn; d’Geschlecht dierf keng Roll spillen. All Quoteregelung ass eng positiv Diskriminéierung vun der Fra an eng Diskriminéierung vum Mann!

Et ass selbstverständlech, datt mer d’Fraen, déi Famill a Karriär ënnert een Hutt brénge wëllen, mussen ënnerstëtzen. Dofir ass et och wichteg, déi néideg Strukture fir Kannerbetreiung ze schafen.

Et gëtt awer och Fraen, déi de Choix treffen doheem ze bleiwen, fir sech ëm d’Kanner an ëm de Stot këmmeren. Déi Fraen erleedegen e Fulltimejob mat vill Responsabilitéit a mat villen Iwwerstonnen. Dës Frae passen net richteg an esou en Aktiounsplang, mä si verdéngen eng grouss Unerkennung.

D’ADR weist drop hin, datt bei de leschte Gemengewalen 10 vu 17 Kandidaten op der ADR-Lëscht Frae waren, an dat ganz ouni Quoteregelung!

Zwou Froen, déi d‘ADR un de Schäfferot gestallt huet, gi schrëftlech beäntwert. Eng Motioun iwwer d’Liichtverschmotzung ass an d’Ëmweltkommissioun geholl ginn.


Fro un de Schäfferot: Verkéierssituatioun op der Lëtzebuerger Strooss

Dir Hären,

All moies tëschent 6.45 an 8.20 Auer, während dem Beruffsverkéier forméiert sech op der Lëtzebuerger Strooss aus Diddeleng eraus e Stau. Ëmmer méi Autofuerer benotzen e sougenanntene Schläichwee fir de Stau z’ëmfueren a schafe domadder zousätzlech Problemer.

Géigeniwwer vun der Aral Tankstell fueren se an d’Rue Abbé Lemire, duerch d’Rue Nic Bodry , duerch d’Rue Ribbeschpont fir am Rondpoint op der Lëtzebuerger Strooss erauszekommen.

Éischtens ass et eng enorm Belaaschtung fir d’Bewunner vun der Rue Abbé Lemire, der Rue Nic Bodry, an der Rue Ribbeschpont.

Zweetens ass et eng zousätzlech Geforequell fir d’Kanner, déi an d’Schoul ginn.

Drëttens vergréisseren se de Stau op der Lëtzebuerger Strooss, well se, wann se an de Rondpoint erafueren, Virfaart op déi aner Autofuerer hunn, déi vun der Lëtzebuerger Strooss an de Rondpoint erakommen.

Dës Zoustänn si säit Jore bekannt.

Am Bezuch op d’Gemengegesetz, erlaben ech mer folgend Froen ze stellen, déi ech Iech bieden an der nächster Gemengerotssëtzung ze beäntweren.

  1. Aus wat fir engem Grond ass bis elo net no enger Léisung gesicht ginn?
  2. Kann de Schäfferot sech virstellen z’intervenéieren an d’Rue Nic Bodry als Strooss mam Signal C.2 „circulation interdite dans les deux senses sauf riverains et leurs fournisseurs “ ze kennzeechnen?
  3. An den éischten Deeg mat regelméissege Kontrollen an enger einfacher Virwarnung ouni Geldstrof, an an der Zäit duerno mat sporadesche Kontrollen an engem „avertissement taxé“ dofir ze suergen, datt dëst Reglement agehale gëtt?.

Mat beschte Gréiss,

Marc Schiffmann


Fro un de Schäfferot: Verkéierssituatioun an de Wunnquartieren

All moies tëschent 6.45 an 8.20 Auer, während dem Beruffsverkéier, forméiert sech op der Lëtzebuerger Strooss aus Diddeleng eraus e Stau. Ëmmer méi Autofuerer benotzen e sougenanntene Schläichwee fir de Stau z’ëmfueren a schafe domadder zousätzlech Problemer.

Een Deel dovunner kënnt duerch d’Rue Ribeschpont erof fir ënnen am Ronpoint op der Lëtzebuerger Strooss erauszekommen

Zweetens ass et eng zousätzlech Geforequell fir d’Kanner déi an d’Schoul ginn.

Drëttens vergréissere se de Stau op der Lëtzebuerger Strooss, well se, wann se an de Rondpoint erafueren, Virfaart op déi aner Autofuerer hunn, déi vun der Lëtzebuerger Strooss an de Rondpoint erakommen.

Dës Zoustänn si säit Jore bekannt.

Am Bezuch op d’Gemengegesetz, erlaben ech mer folgend Froen ze stellen, déi ech Iech bieden an der nächster Gemengerotssëtzung ze beäntweren.

  • Ass de Schäfferot net och der Meenung, datt et besser ass de Verkéier op den Haaptaxen ze loossen, fir z’evitéieren, datt esou Schläichweeër, déi duerch e Wunnquartier féieren, an deem sech och nach eng Schoul befënnt, benotzt gin.?
  • Kann de Schäfferot sech virstellen z’intervenéieren an eventuell d’Rue Ribeschpont vun uewen als Einbahnstross auszeweisen?

Mat beschte Gréiss,

Marc Schiffmann


Motioun: Liichtverschmotzung

De Gemengerot vun der Stad Diddeleng

Consideréiert

  • datt d’Liichtverschmotzung allgemeng zouhëlt, obschonns dëst grouss Nodeeler fir d’Ëmwelt huet;
  • datt d‘Gemengen a besonnesch déi méi grouss Stied sollen e Bäitrag zu der Reduktioun vun der Liichtverschmotzung leeschten, besonnesch wat d’Stroossebeliichtung ugeet;
  • datt et eng ganz Rei vun « intelligenten » a besser orientéierte Beliichtungsméiglechkeete gëtt, déi d’Liichtverschmotzung kënne reduzéieren;
  • dozou bäidroen Energie ze spueren a Käschten anzespueren;
  • datt d’Reduzéierung vun der Beliichtung net däerf op Käschte vun der Sécherheet goen;
  • datt am Ausland schonns vill Stied a Gemenge grouss Efforte maache fir d’Liichtverschmotzung ze reduzéieren.

Decidéiert:

  • déi zoustänneg Déngschter vun der Gemengeverwaltung ze beoptrage fir bis den 1. September 2013 eng Etude ze maachen an en Aktiounsplang opzestelle fir d’Beliichtung an der Stad progressiv ze reduzéieren, fir datt d’Stad Lëtzebuerg hire Bäitrag géint d’Liichtverschmotzung ka leeschten;
  • déi zoustänneg Déngschter vum Staat z’encouragéieren, bei där Etude matzemaachen an d’Beliichtung vun de Staatsstroosse progressiv unzepassen.
  • d’Resultater vun dëser Etude an de „code de bonne conduite“ fir d’Ëmwelt afléissen ze loossen;
  • d’Resultater vun dëser Etude an de Bebauungsplang afléissen ze loossen, a besonnesch d’Liichtreklammen an d’Beliichtung vun de Butteksfënsteren op eng verstänneg Mooss ze reduzéieren.

Marc Schiffmann