De 17. Dezember huet de Diddelenger Gemengerot de Budget fir 2013 gestëmmt. De Gemengeconseiller Marc Schiffmann (ADR) huet a senger Interventioun erkläert, firwat en dee Budget net konnt ënnerstëtzen. D’ADR setzt sech fir eng Revaloriséierung vun der Niddeschgaass a fir e Verkéierskonzept mat enger Ëmgehungsstrooss an. Dës zwee Punkte sinn allerdéngs net vum Schäfferot berücksichtegt ginn.

Den Haaptpunkt fir d’ADR ass d’Verkéierssituatioun zu Diddeleng.

Jidderee kennt d’Situatioun: e grousse Problem ass den Duerchgangsverkéier vun de Frontalieren an d’Barrièren, déi all 20 Minutten zou sinn.

De Schäfferot huet a senger Erklärung vun engem Tram geschwat, deen d’Gare Diddeleng-Stad géif mat Volmerange verbannen. Den eenzege minimale Virdeel dovunner wären d’Schléissungszäite vun de Barrièren, déi méi kuerz géife ginn. Schonns bei de leschte Budgetsdebatten huet d’ADR dës Iddi net berauschend fonnt, well et de Problem mam Verkéier net léise kann.

An enger Reunioun mam Diddelenger Schäfferot hätt souguer de Minister fir nohalteg Entwécklung, den Här Claude Wiseler, dës Iddi och net esou gutt fonnt. D’ADR stëmmt an dësem Punkt mam Här Wiseler iwwereneen.

Eng reell Léisung fir de Verkéiersproblem ass de Virschlag vun der ADR: Well de Käschtepunkt haut eng wichteg Roll spillt, proposéiert d’ADR de „City-Tunnel light“. Den Terminus vum Zuch gëtt op d’Gare Diddeleng-Stad verluecht an et gëtt eng Ëmgehungsstrooss gebaut ouni den Zuch no ënnen ze verleeën.

Iwwert dës Ëmgehungsstrooss kéinten de Quartier Italien a Volmerange, wou um Parking op der Gare an der Moyenne net méi wéi 40 Autoe pro Dag stinn, ouni Problem mat enger weiderer direkter Buslinn bedéngt ginn. Den Dag iwwer geet e klenge Citybus duer, owes a moies kéint e Gelenkbus zum Asaz kommen.

Mat der Léisung vum „City-Tunnel light“ géingen d’Käschte bedeitend reduzéiert ginn, de Problem vun de Barrièrë géif ewechfalen an den Duerchgangsverkéier wier aus dem Zentrum eraus!

D’Revaloriséierung vum Zentrum vun Diddeleng mat der Niddeschgaass ass eng vun de Prioritéite vun der ADR. Dëse Punkt gëtt an der Schäfferotserklärung ernimmt, ass awer am Budget fir d’Joer 2013 net erëmzefannen. Vum neien Amenagement vun der Kierchplaz ofgesinn, huet de Schäfferot näischt Konkretes proposéiert. Et gëtt zënter op d’mannst 12 Joer driwwer diskutéiert, déi eng oder déi aner Etuden si gemeet ginn, et gouf e City-Manager agestallt, asw. Um Terrain ass awer bis haut nach näischt geschitt, et gëtt kee gräifbart Resultat.

D’Revaloriséierung vun der Niddeschgaass kënne mer nëmmen dann upaken, wann de Verkéiersproblem geléist ass!

Et gëtt vill iwwer de Projet Neischmelz geschwat, um Site vun der Gemeng ass e schéine Video ze gesinn. Et gesäit gutt aus, et héiert sech gudd un, mä et ass net fir haut a muer. Fir d’ADR ass et allerdéngs méi wichteg, datt, wat schonns besteet, z’erhalen an ze revaloriséieren. D’Niddeschgaass muss fir d’Geschäftswelt nees attraktiv gestalt ginn. Ob dat a Form vun enger Zone piétonne oder vun enger Zone de rencontre geschitt, dat sinn Detailer, déi ee muss mam Geschäftsverband zesummen diskutéieren. Sécher ass, et muss séier eppes geschéien, mä am Budget ass näischt ze fannen.

All Joer huet d’Diddelenger Gemeng Loyeren an der Héicht vu 95 000 € ze bezuelen, also ronn 8000€ de Mount. D‘ADR widderhëlt dat, wat se och an deene leschte Jore schonns gesot huet: Wier et net raisonnabel, datt fir dëse Montant Immobilie kaf ginn? Mat engem Prêt, deen iwwert 20 Joer leeft a bei deem 8000€ de Mount rembourséiert ginn, kéint d’Gemeng sech bestëmmt e puer Quadratmeter leeschten.

Beim Service Repas sur roues ass de Präis vu Servior op iwwer 13 € pro Molzecht geklommen. D‘Gemeng leet 2,5 € pro Iesse bäi, wat all Joer zu engem Defizit vun 92 000 € féiert. Och do muss der ADR no an Zukunft eng Staffelung no soziale Kritäre virgeholl ginn. Leit mat engem klengen Akommes sollen och weider déi 2,5 € oder no Bedarf och méi bäigeluecht kréien. Leit mat engem vill méi héijen Akommes (z.B. méi wéi 2,5 Mol de Mindestloun) nach wieder mat 2,5 € ze subventionéieren, dat ass net noutwendeg. Et sollen déi Leit gehollef kréien, déi Hëllef brauchen, fir datt mer déi Hëllef och an Zukunft nach weider kënne finanzéieren.

D‘Erhéijung vun den Offalltaxen ëm 15 % (Taxe fixe) dréit d’ADR net mat.

Duerch e bessert Trenne vum Offall gi manner Vidangë gemaach an d’Gemeng kritt deementspriechend och manner Suen eran. Et kann allerdéngs net sinn, datt de Bierger dofir bestrooft gëtt!

Bei der Virstellung vum Budget huet kloer duerchgeklongen, datt eng Erhéijung vun de Waasser- an Ofwaassertaxen, souwéi vun der Sperrmülltax an nächster Zäit (also no 2013) méi wéi wahrscheinlech ass. Duerch d’Offallgesetz, dat an der Chamber vun LSAP, CSV an déi Gréng gestëmmt ginn ass, mussen dës Servicer elo käschtendeckend sinn, wat eng zousätzlech Belaaschtung fir de Bierger duerstellt.

D’ADR vermësst bei dësem Budget déi Prioritéiten, déi si an hirem Walprogramm ernimmt huet: e Verkéierskonzept mat der Ëmgehungsstrooss an eng reell Revaloriséierung vun der Niddeschgaass.

Zwee Punkten also, déi der ADR no wichteg sinn, sief et fir d’Zukunft vun Diddeleng, fir d’Liewensqualitéit vun den Awunner oder fir d’Iwwerliewe vun de Geschäfter.

D’ADR ass bereet, verschidde vun de Projeten aus dësem Budget 2013 mat ze droen. Trotzdem huet si net dat noutwennegt Vertrauen an de Schäfferot fir déi richteg Prioritéiten ze setzen.

Dofir huet de Gemengeconseiller Marc Schiffmann, am Numm vun der ADR, dëse Budget net gestëmmt.