Nei Iechternacher Sportshal am Héichwaassergebitt

Den 30. Mäerz huet den ADR-Deputéierten a fréieren Enseignant Fred Keup der Regierung eng Rei Froen iwwer déi geplangten, nei Sportshal vum Iechternacher Lycée gestallt. Ënner anerem wollt hie wëssen, wéi et mat der Héichwaassergefor ausgesäit, well déi entspriechend Plaz no un der Sauer läit an an der Vergaangenheet ëmmer rëm vun dësem Probleem betraff war (Link um Enn vun der Säit).

D’Regierung huet sech an hirer Äntwert vum 11. Mee iwwerzeegt gewisen, datt selbstverständlech kee Probleem géif bestoen. Nu jee, kaum zwee Méint goufen si enges bessere beléiert. Gëtt de de Projet lo nei evaluéiert a wat bedeit dës Héichwaasserkatastroph no der Rentrée fir de Sportunterrecht?

Hannergrond

Deel dëse Post: