D’Familljen, déi kléng Leit an d’Rentner solle fir d’Kris bezuelen? Net mat der ADR!

Lues a lues léist d’Regierung d’Katz aus dem Sak. Iwwert den Ëmwee vun der Press ginn d’Proposen fir déi nächst Ronn vum Sozialofbau bekannt.

Esou soll den Wuerekuef, op deen den Index berechent get, néi opgestallt ginn an d’Pëtrolspräisser « neutraliséiert » ginn. D’Pensiounen géifen net méi ajustéiert. D’Kannergeld – schons déi virecht Tripartite huet dëst désindexeiert – soll nëmmen méi bis 21 Joer ausbezuelt ginn an de Congé parental gekierzt ginn. An da géif och nach d’Wunnen méi deier, doduerch dass de Staat keng Zënssubventiounen méi giff bezuelen (wat ganz besonnesch Famillje mat Kanner betrëfft) an d’Scholdzënsen um Haus sollen net méi vun der Stéier ofgesat kënne ginn.

An hirem Walprogram huet d’ADR sech « ohne Wenn und Aber » fir den Index ausgeschwat. Den Index däerf net esou manipuléiert ginn dass déi nächst Indextranche op Mokuchsdag erfällt.

D’ADR stëllt nach ëmmer d’Famill an de Mëttelpunkt vun hirer Politik. Vill Propositiounen vun der CSV/LSAP Regierung Tripartite ginn an déi entgéintgesate Richtung. Net mat der ADR!

Zanter Joeren mëcht d’ADR op de Wunnengsproblem opmierksam a bedauert dass dausenden vun jonke Stéit an d’Ausland gedriwwe ginn, zu Frontaliere gemeet ginn. Grad elo, an der Kriss, schloen Juncker a Konsorten Moossnamen vir déi d’Wunnen zu Lëtzebuerg nach méi deier machen. Net mat der ADR!

D’Renten, wou kuerz- a mëttelfristeg keen finanzielle Problem besteet, mussen op laanger Siicht analyséiert ginn, hunn also näischt mat dem onmëttelbare Problem vun de Staatsfinzanzen ze dinn a gehéieren domatten net an d’Tripartite. Den Ajustement aussetzen heescht d’Kafkraaft vun de Rentner erofsetzen. Net mat der ADR!

Fir d’ADR steet fest, dass d’Regierung prioritär hier Hausaufgaben muss machen. CSV an LSAP mussen konkret Spuermoossnamen proposéieren, Mesuren déi awer net eesäiteg zu laaschten vun de Famillen, klenge Léit a Rentner kenne goen. Och op de Einnahmesäit muss d’Regierung – déi jo och den « Eurochef » stellt – méi offensiv virgoen fir ze verhënneren dass Europa negativ an de Lëtzebuerger Budget agräift, Stéchwierder Bankgeheimnis, TVA an Accisen um Bensin.