Nee zum Gender-Wahn!

Et ass noutwenneg a gutt, d’Leit fir de Problem vun der haislecher Gewalt ze sensibiliséieren. De Roy Reding betount a senger Interventioun vum 3. Juli awer, datt d’Diskussioun ëm haislech Gewalt neutral, onideologesch an objektiv gefouert muss ginn. Et ass fir den ADR-Deputéierten inakzeptabel, datt an där ganzer Debatt ausgeklamert gëtt, datt och Männer Affer vun haislecher Gewalt kënne sinn –  eng uerg Violatioun vum Gläichheetsprinzip! Och déi diffus Gender-Theorien, déi sech ofgehuewe vu biologesche Fakte beweegen, hunn an dëser Debatt näischt verluer.

 

Deel dëse Post: