Naturschutz versus Klammsport

Ëmmer méi Leit entdecken de Klammsport fir sech, och besonnesch dobaussen an der Natur. Hei am Land gëtt et awer just eng Plaz, fir um Fiels ze klammen, nämlech an der Wanterbaach zu Bäerdref.  Deementspriechend ass de Site vill belaascht, an duerfir envisagéiert d’Klammfederatioun (FLERA), fir weider Plaze fir de Sport opzemaachen. D’FLERA weist allerdéngs drop hin, datt et op ville Plazen hei am Land, déi fir dës Aktivitéit a Fro kéimen, onméiglech wier, eng offiziell Geneemegung ze kréien, well déi betreffend Gebidder opgrond vun nationalen oder europäesche Bestëmmungen ënner Naturschutz stinn. Wat mécht d’Regierung, fir de Klettersportler hei am Land entgéintzekommen?

Deel dëse Post: