Dëst Joer war den Nationalkongress vun der ADR an der „Schéiss“ am Kräizgrëndchen an der Stad. A Presenz vun iwwert 120 Memberen ass eng nei Parteispëtzt gewielt ginn.

An hei e puer Videoimpressiounen aus dem ADR TV

De President vum Bezierk Zentrum, de Roy Reding, huet de Startschoss ginn, fir den Nationalkongress 2012 an der „Schéiss“. Duerno huet de Parteipresident Roby Mehlen iwwerholl. Hien huet Revue passéiere gelooss, wat hien a senger Amtszäit als President erlieft huet a vu sengen Erliefnisser an der Chamber gezielt. Dobäi koum, datt vill vun deene Saachen nach haut aktuell sinn, wéi d’Pensiounsreform, Bildung vun deenen nächste Generatiounen an natierlech ass hien op d’Faiten aus der Aktualitéit ze schwätze komm, wéi Finanzkris an d’Erhéijung vun de Staatsbeamtegehälter, de Milliardenemprunt vum Staat, etc.

Direkt duerno huet de Roy Reding eng Usprooch als Generalsekretär vun der Partei gehalen. Hien huet d’Evenementer vun deene läschte Méint opgegraff, wéi d’ADR an der Press duergestallt ginn ass a wéi déi aner Parteie sech dobausse gewisen hunn. Datt all Partei 2 Borden huet, wéi z.B. d’CSV huet e Grupp Fëmmerten an e Grupp Net-Fëmmerten, a beid Säite trieden un d’Press erun fir hier Meenung ze vertrieden; d’LSAP, déi fir d’Indexmanipulatioun gestëmmt huet, opwuel si eng Aarbechterpartei ass; d’DP, déi mol fir mol géint den Tram ass; an déi Gréng, déi eigentlech vergiess hunn, fir wat si eigentlech stinn. An datt mir als ADR eng Partei wëlle sinn a bleiwen, déi dem Vollek seng Meenung vertrëtt an duerfir souwuel Leit vum lonservative a vum liberale Bord fënnt.

Uschléissend huet de Jean-Claude Strottner, Generalkeessier vun der Partei, de Finanzbericht virgeluecht, dee vum Robert Neumann als Vertrieder fir d’Keesserevisoren ugeholl ginn ass. De Kongress huet souwuel de Keesserevisoren, dem Generalkeessier an dem Nationalkomitee d’Entlaaschtung zougesprach.

No enger klenger Paus, bei deem wonnerschéine Wierder, lung d’Wahlresultat fir:

  • Den neie Parteipresident heescht Fernand Kartheiser (108 vun 119 Jo-Stëmmen)
  • Den neie Generalsekretär ass den Dr. Jean Schoos (114 vun 119 Jo-Stëmmen)
  • 1te Vize-President gëtt den Dr. Jean Colombera (109 vun 119 Jo-Stëmmen)

Weider Vize-Presidenten:

  • Marceline Goergen (95 vun 119 Jo-Stëmmen)
  • Roy Reding (92 vun 119 Jo-Stëmmen)
  • Marc Gatti (81 vun 119 Jo-Stëmmen)

An de Jean-Claude Strottner ass mat 114 Jo-Stëmmen a sengem Amt bestätegt bliwwen.

Als neigewieltene Generalsekretär ass de Jean Schoos un d’Riednerpult getrueden. Hien huet drun erënnert, wéi d’Wahlresultat bei deene leschte Legislaturwale gehandhabt gi sinn. Datt d’ADR trotz 8% kee Sëtz kritt huet. Datt d’Circonscriptiounen ongläich opgedeelt sinn an datt den Osten an den Norden emmer schlecht ewechkommen an eisem Walsystem. Hien huet préziséiert, datt déi nei Equipe un der Spëtzt och eng nei Richtung wäert aschloen, net politesch, mä wat d’Ëmsetzunge vun der politescher Aarbecht ugeet. Et kënnt eng nei Informatik, déi et erméigleche soll, méi séier op d’Aktualitéit ze reagéieren. Et solle regelméisseg Pefferkären erauskommen, déi awer duerch déi enorm Verdeelerkäschten, zum Deel als Newsletter sollen existéieren. Allgemeng sollen d’Nei Medie méi genotzt ginn. Hie freet sech op déi nei Aufgab.

Zum Schluss krut den neien Parteipresident Fernand Kartheiser d’Wuert:

Hien huet fir d’éischt dem Roby Mehlen Merci gesot, fir déi laang Joeren un der Spëtzt vun der ADR. Si waren net ëmmer einfach, mä d’Membere vun der Partei stungen all déi Joere mat Respekt, Bewonnerung a Frëndschaft hannert him. De Kongress huet dem Fernand Kartheiser zougestëmmt, fir de Roby Mehlen zum Éierepresident vun der Partei z’ernennen.

Dunn ass den neie Parteipresident weidergefuer a senger politescher Usprooch mam Titel „Eist Land brauch d’ADR!“.