Net manner wéi 122 Membere vum ADR haten sech e Sonndeg den 3. Abrëll an de Sportshal vun Uewerkuer Rendezvous gi fir den uerdentlechen Nationalkongress vun der ADR. Dëse stoung ënnert dem Motto „Et geet duer“. Niewent vill Kritik un der Regierungspolitik hunn d’Delegéiert och nei Statuten ugeholl.

Op Bretzelssonndeg war de grousse Sall vun der Sportshal vun Uewerkuer gutt gefëllt wéi de Paul Nickels, President vum Bezierk Süden de Kongress opgemeet huet. Gutt geleet gouf den uerdentleche Kongress dunn vum Marc Gatti.

Keng friemefeindlech Partei

De Kongress stoung ënnert dem Motto: „Et geet duer“. De President Roby Mehlen huet dëst esou resuméiert: „Et geet duer mat dem hasardeusem Crashcours vun der Regierung.; et geet duer mat der permanenter pervertéierung vum Rechtsstat, mat dem sënnlosem quantitativem Wuessem op Käschte vun onser Liewensqualitéit; mat der onverschimter Selbstbedienungsmentalitéit vun de grousse Parteien…“. De Roby Mehlen huet nach eng Kéier betount „datt d’ADR net Friemefeindlech ass“awer och d’Aen net zoumécht virun den Auswierkunge vun enger verfehlter Immigratiounspolitik, mat zum Beispill d’Konsequenzen op onst Schoulsystem an am Endeffekt de Gefor fir d’Lëtzebuerger Identitéit. Weider huet de Roby Mehlen ob de „bedauernswäerten Zoustand vu Lëtzebuerg“ higewisen, wat och eng Konsequenz ass vun der CSV-Dominanz, vun der Kierch als Werbeagentur vun der CSV a vum de Majoritéitsparteien an der Chamber déi sech nach just wéi e Supporterclub vun der Regierung gesinn, wéi am traurege Beispill an der Affär vum Minister Schmit. De President huet weider Opmierksam gemeet datt d’ADR sech an enger grousser europäescher Famill erëm fonnt huet, der AECR (Alliance of European Conservatives an Reformists), niewent zum Beispill der Engleschen Tories vum David Cameron.

Nei Statuten

No enger laanger Virbereedungssitzungzäit mat Diskussiounen an de Bezierker konnten déi nei Statuter definitiv vun den delegéierten um Kongress ugeholl ginn, nodeems se nach eng Kéier am Detail vum Fernand Kartheiser virgestallt goufen. D’Konte goufe vum Generalkeessier Manuel Manuel Turmes virgestallt, an ugeholl nodeems den Jean-Claude Strottner stellvertriedend fir d’Keesereviseure fir d’Entlaaschtung gebieden hat. Asyl-Missbrauchs-Tourismus

Duerno war et am Generalsekretär Roy Reding, a wëll den Aktivitéitsbericht mat allen Detailler um Dësch loung konnt en seng Ried op d’politesch Messagë konzentréieren. Ganz an den Detail ass de Roy Reding dobäi op d’Asylpolitik vun der Regierung agaangen. Och d’ADR bekennt sech voll a ganz op de Prinzip vum Asylrecht, wéi et an der Genfer Konventioun vun 1951 festgehalen ass. Leit déi vun hirer Regierung verfollegt gi mussen och bei ons Schutz fannen! Fir datt dobäi awer d’Akzeptanz bei de Bevëlkerung geséchert ka ginn, muss d’Regierung konsequent de Mëssbrauch vun der Asylprozedur bekämpfen. Am Fall vun de Serben, wou ronn 60 Leit pro Woch am Ament Aysl froen, handelt et sech fir de Generalsekretär vun der ADR kloer ëm en „Asyl-Missbrauchs-Tourismus“, ëm Leit déi weder juristesch nach moralesch Usproch op d’Asylrecht hunn. De Roy Reding huet dëst och mat Zuelen a Fakten ënnerluet. D’ADR fuerdert datt d’Procedure accélérée wéi se am Gesezt virgesinn ass ugewannt gëtt fir dësem Mëssbrauch vun der Asylprozedur schnell en Ënn ze sëtzen. Mä och d’Lëtzebuerger lafen an d’Ausland, gedriwwe vun hirer Regierung an der katastrofale Wunnengsbaupolitik. Weider ass de Roy Reding drop agaangen datt d’ADR déi Partei ass déi sech ëm d’Wäerter beméit, ganz besonnesch déi vun der Famill. An esou gesäit de Generalsekretär kee Besoin fir eng „Sozialindikatioun“ am Dossier Avortement, wou d’ADR virschléit näischt um aktuelle Gesetz ze änneren.

Supergau

Fir d’ADRenalin huet hire President Andy Maar ënner anerem den Thema Nohaltegkeet ugepaakt, dëst besonnesch no den Léier déi aus de Katastrof vu Fukushima muss gezu ginn. Wann et zu Cattenom – eng Atomzentral wou besonnesch vill Incidenten notéiert ginn – zum Supergau kéim, sténg d’Existenz vu Lëtzebuerg um Spill. Weider huet den Andy Maar op d’Gefor vum ACTA – Vertraag op d’Fräiheet vun den Internet Benotzer higewisen.

Pensiounsreform

Zum Schluss war et dunn um Fraktiounspresident Gast Gibéryen fir aktuell Themen aus de Chamber ze kommentéieren. A Saachen Staatsfinanzen huet en eemol méi dat duebelt Spill vun Tandem Juncker – Frieden dénoncéiert: virun de Walen hunn se Budget am Equiliber presentéiert, duerno gëtt Schwaarzmolerei bedriwwen fir den Sozialofbau ze justifizéieren. E Spill dat net ganz opgaangen ass, well den Trick schonns 2006 probéiert gouf an e gudden Iesel sech nëmmen eemol stéisst. Och an der Index-Fro huet de Gast Gibéryen d’Duebelspill vum Jean-Claude Juncker entlarwt. Zu Lëtzebuerg deet en den soziale Mäntelchen un a mecht wéi wann en den Index wéilt verteidegen, mä a villen europäeschen an internationale Gremie wou e Sëtz gi Bréiwer geschriwwen déi vu Lëtzebuerg verlaangen datt den Indexmechanismus ofgeschaf gëtt! Zum Schluss huet de Fraktiounspresident nach eng Kéier op d’Noutwennegkeet vun enger Pensiounsreform higewisen, et sief dann et géif een en onendleche Wuesstem mat a Akaf huelen. „Haut brauche mer 300 Aktiver fir 100 Pensiounen ze finanzéiere, wann déi 300 an Pensioun sinn brauchen se 900 Aktiver, 20 bis 30 Joer duerno wären et dann 2700 Aktiver“, huet de Gast Gibéryen mat engem Beispill illustréiert. D’ADR schléit vir, iwwer 12 Joer de Pensiounsalter (55, 57 respektiv 60 Joer) ëm ee Joer erop ze sëtzen, awer et bei 40 Joer Cotisatioun an 65 Joer „normalem“ Pensiounsalter ze loossen. Weider sollt den Ajustement no engem degressiven Modell begrenzt ginn, wou awer d’Minimalpensioun net betraff ass. De Regierungsmodell gëtt vill méi wäit, verlängert de Pensiounsalter ëm 3 Joer a zitt eng Reduktioun vun der Pensioun ëm 15% a Betruecht! Dëst wäert, esou de Gast Gibéryen, keng Akzeptanz bei de Leit fannen, an e réit de Regierung eemol méi a Saache Renten d’Propositioune vun der ADR ze iwwerhuelen. Mat engem Éierewäin a bei engem gudde Maufel gouf den Nationalkongress 2011 ofgeschloss.