Während dem National- an Europakongress de 14. März am Centre Culturel zu Jonglënster huet d’ADR hir Europalëscht an de Wahlprogramm fir d’Europawahlen virgestallt.

Do dernieft huet de Kongress dem Nationalkomitee an de 60 Kandidaten fir d’Chamberwahlen d’Mandat gin fir definitiv iwwer den nationale Wahlprogramm ofzestëmmen. Dëst dierfft Ugangs Abrëll de Fall sin.

D’ADR-Vizepräsident Marie-Josée Bausch hat d’Aufgab fir déi 6 Kandidaten fir d’Europwahlen op d’Bühn ze ruffen. Et sin dat dem Alphabet no: Jean Colombera, Gast Gibéryen, Jacques-Yves Henckes, Fernand Kartheiser, Robert Mehlen an Roy Reding.

Géint en EU-Bäitrëtt vun der Türkei

D’Kandidate selwer sin dunn a kuerze Rieden op d’Haaptpunkten aus dem Europawahlprogramm agaangen. Als éischten huet de Jean Colombera bekräftegt, datt d’ADR déi eenzeg Partei zu Lëtzebuerg déi sech kloer géint en EU-Bäitrëtt vun der Türkei ausschwätzt.

E wichtegen Deel vum Europawahlprogramm vun der ADR ass dem sozialen Deel reservéiert. De Gast Gibéryen huet a sénger Ried eng Lanz gebrach fir sozial Mindestnormen an Europa. Dat Sozialt wier defintiv ze kuerz komm, esou de Riedner, dee bedauert huet datt den Opbau vun Europa an de leschte 50 Joer firun allem de Lobbyisten iwwerloss gouff.

An allen EU-Institutiounen präsent sinn

De Jacques-Yves Henckes ass an sénger kuerzer Usprooch op déi schwéier Finanz- an Wirtschaftskris agaangen, iwwerdeems de Fernand Kartheiser sech derfir agesat huet datt Lëtzebuerg och an Zukunft an allen EU-Institutiounen präsent muss sin.

De Robert Mehlen huet séch stark gemaach fir eng mëttelstännesch Landwirtschaft déi méiglechst ëmweltfrëndlech produzéiert an der Bevölkerung genuch Liewensmëttel vu beschter Qualitéit zu verstännege Präisser liwwere kann.

De Roy Reding ass op d’Voleten Sprooch an Identitéit aus dem Europwahlprogramm agaangen. Lëtzebuerg muss séng Souveränitéit an séng Identitéit an engem méi groussen Europa behalen, esou de Roy Reding deen séch am Numm vun der ADR nach eemol fir d’iddi vun engem Europa vun den Natiounen ausgeschwat huet. D’ADR wéilt keen europäeschen Eenheetsstaat ma en Europa an deem de Prinzip vun der Subsidiaritéit endlech erem eescht geholl gëtt.