Souwuel de Verkéiersschäffen aus der Stad wéi den zoustännege Minister hu Pläng bekannt gi vun enger massiver Hausse vun den Tariffer fir den ëffentlechen Transport. Mussen d’Bierger aus der Stad elo geschwënn 2 Euro bezuele fir aus engem Quartier an den Zentrum ze kommen? De grénge Schäffe schéngt sech besonnesch ze iergeren, datt ee fir dës Suen och vun Ëlwen an d’Stad ka fueren, a fuerdert dowéinst e System mat „Zonen“, also nach méi héich Präiser fir Leit, déi vu baussen an d’Stad kommen. D’ADR-Sektioun Stad Lëtzebuerg freet sech: musse mer elo schonns fir den Tram bezuelen ? D’ADR fuerdert, op d’mannst an der Stad, de Gratistransport op den AVL-Linnen. Spueren heescht net, de Leit d’Suen aus der Täsch ze zéien, mä op den onsënnege Projet vum Tram ze verzichten!

Am ëffentlechem Transport déckt de Präis vun den Eenzelbilljeeën a vun den Abonnementer nëmmen e klengen Deel vun de Käschten; d’Schätzunge leie bei 5% bis 10%. An awer wëllen déi Verantwortlech vum Staat a vun der Stad dem Bierger, op d’mannst deenen, déi den ëffentleche Verkéier benotzen oder op dësen ugewise sinn, déif an d’Täsch gräifen. De Verkéiersminister plangt eng Hausse vun net manner wéi 33% op den Eenzelbilljee (vun 1,5€ op 2€) a vun iwwert 10% op den Abonnement fir ee Mount (vu 45€ op 50€). Fir de Verkéiersschäffe kennt dobäi nach eng Andeelung an Zonen derbäi, esou datt et z.B. fir Leit aus dem Éislek nach vill méi deier gëtt fir an d’Stad ze kommen.

D’ADR Stad ass mat dëse Pläng net averstanen, déi als alleréischt déi mannerbemëttelt Schichten treffen, déi schonns eleng als finanzielle Grënn mussen op en ëffentlechen Transport zeréckgräifen. Esou massiv Haussen hätten och en negativen Impakt op d’Inflatioun, dëst an Zäite wou d’CSV/LSAP-Regierung déi automatesch Indexupassung ausser Kraaft gesat huet.

D’ADR Stad erënnert un déi laangjäreg Fuerderung vun der Partei, de Gratistransport anzeféieren. Dëst soll op d’mannst um Territoire vun der Stad, op den AVL-Linnen, gëllen. Dëst géif der Stad eng zousätzlech Attraktioun ginn, an d’Automobilisten inzitéiere méi staark op de Park & Ride System zeréckzegräifen.

An dësen Zäite bei den ëffentlechen Depensen, och am Transportberäich, ze spueren däerf net heeschen dem Bierger nei Taxen opzeleeën! D’ADR fuerdert dofir, de Projet Tram an all seng deier Etuden op Äis ze leeën. D’ADR Stad freet sech, datt elo och den CSV-Fraktiounspresident déi „gewalteg Investitioun“ Tram a Fro stellt an hofft, datt och d’Gemengeconseillere vun der CSV nees hir fräi Meenung an dësem Dossier däerfen äusseren. Net richteg ass et awer, Här Spautz, datt d’Stad de Projet Tram eleng an aus der „Portokasse“ kéint oder sollt bezuelen. Och an der Stad ginn d’Reservë fir vill méi sënnvoll Projete gebraucht, wéi anstänneg Schoulraim a Sozialariichtungen. Wann d’Politiker aus Staat a Stad nees zur Vernonft kommen an de Projet Tram op Äis leeën, kann eleng d’Stad Lëtzebuerg honnerte vu Millioune spueren, also vill méi wéi iwwert déi massiv Haussë vu Billjee an Abonnementer kann erakommen.