Motioun: fir d’Reduzéiere vun der Liichtverschmotzung

print

An der Gemengerotssëtzung vum 19. Mäerz 2012 huet de Gemengeconseiller Fernand Kartheiser dës Motioun agereecht.

De Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg

Consideréiert:

  • Dat de Phänomen vun der Liichtverschmotzung allgemeng zouhëlt obschonns dee grouss Nodeeler fir d’Ëmwelt huet;
  • dat d‘Gemengen a besonnesch déi méi grouss Stied sollen e Bäitrag zu der Reduktioun vun der Liichtverschmotzung leeschten, besonnesch wat d’Stroossebeliichtung ugeet;
  • dat et well eng ganz Rei vun « intelligenten » a besser orientéieren Beliichtungsméiglechkeeten gëtt, déi d’Liichtverschmotzung kënnen reduzéieren;
  • dat eng Reduzéierung vun der onnéideger oder schlecht orientéierter Beliichtung kann dozou bäidroen Energie ze spueren a Käschten anzespueren;
  • dat d’Reduzéierung vun der Beliichtung net däerf op Käschten vun der Sécherheet goen;
  • dat d’Noperschaft vum Flughafen Findel och besonnesch Sécherheetsproblemer an dem Kontext stellt, zum Beispill duerch polariséiert Liichtstrahlen, an dat déi zoustänneg Autoritéiten fir de Findel dowéinst och missten consultéiert ginn;
  • dat am Ausland schonns vill Stied a Gemengen grouss Efforten maachen fir d’Liichtverschmotzung ze reduzéieren.

Decidéiert:

  • Déi zoustänneg Déngschter vun der Gemengeverwaltung domat ze beoptragen fir bis den 1. September 2012 eng Etude ze maachen fir ze weisen wéi d’Beliichtung an der Stad kann reduzéiert ginn. a wéi e Bäitrag d’Stad Lëtzebuerg kann géint d’Liichtverschmotzung leeschten.
Unsere Website verwendet Cookies, die es möglich machen, Nutzer bezogene Informationen zu speichern, während er die Website nutzt. Cookies helfen uns, unser Angebot kundenfreundlicher zu gestalten.  Weitere Informationen Des Weiteren verwendet unsere Website Google Analytics, einen Webanalysedienst von Google Inc. Dieses ermöglicht uns eine Analyse der Nutzung unseres Websiteangebotes um es besser zu gestalten. Wenn Sie dies nicht wünschen, klicken Sie folgenden Link. Analytics deaktivieren.