
©adr
Méindeg, 30. Abrëll 2012
Motioun: fir d’Reduzéiere vun der Liichtverschmotzung
An der Gemengerotssëtzung vum 19. Mäerz 2012 huet de Gemengeconseiller Fernand Kartheiser dës Motioun agereecht.
De Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg
Consideréiert:
- Dat de Phänomen vun der Liichtverschmotzung allgemeng zouhëlt obschonns dee grouss Nodeeler fir d’Ëmwelt huet;
- dat d‘Gemengen a besonnesch déi méi grouss Stied sollen e Bäitrag zu der Reduktioun vun der Liichtverschmotzung leeschten, besonnesch wat d’Stroossebeliichtung ugeet;
- dat et well eng ganz Rei vun « intelligenten » a besser orientéieren Beliichtungsméiglechkeeten gëtt, déi d’Liichtverschmotzung kënnen reduzéieren;
- dat eng Reduzéierung vun der onnéideger oder schlecht orientéierter Beliichtung kann dozou bäidroen Energie ze spueren a Käschten anzespueren;
- dat d’Reduzéierung vun der Beliichtung net däerf op Käschten vun der Sécherheet goen;
- dat d’Noperschaft vum Flughafen Findel och besonnesch Sécherheetsproblemer an dem Kontext stellt, zum Beispill duerch polariséiert Liichtstrahlen, an dat déi zoustänneg Autoritéiten fir de Findel dowéinst och missten consultéiert ginn;
- dat am Ausland schonns vill Stied a Gemengen grouss Efforten maachen fir d’Liichtverschmotzung ze reduzéieren.
Decidéiert:
- Déi zoustänneg Déngschter vun der Gemengeverwaltung domat ze beoptragen fir bis den 1. September 2012 eng Etude ze maachen fir ze weisen wéi d’Beliichtung an der Stad kann reduzéiert ginn. a wéi e Bäitrag d’Stad Lëtzebuerg kann géint d’Liichtverschmotzung leeschten.

