An der Gemengerotssëtzung vum 19. Mäerz 2012 huet de Gemengeconseiller Fernand Kartheiser dës Motioun agereecht.

De Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg

Consideréiert:

  • Dat Lëtzebuergesch eng vun denen dräi administrative Sproochen vum Land ass;
  • Dat ëmmer méi Leit der lëtzebuerger Sprooch eng grouss Bedeitung bäimiessen an si och an administrativen Ugeleeënheeten ëmmer méi benotzen;
  • Dat d’Chamber d’Rieden an déi parlamentaresch Froen an där Sprooch publizéiert an där si gehal, respektiv gestallt ginn.

Decidéiert:

  • Dat d’Debatten vum Gemengerot am „Analyteschen“ vun elo un an där Sprooch publizéiert ginn an där si stattfannen;
  • Dat niewent dem Text an där am Gemengerot genotzter Originalsprooch och eng Publikatioun oder op d’mannst eng Zesummefaassung an anere Sproochen soll an där selwechter Editioun kënnen publizéiert ginn. Ënnert dësen anneren Sproochen mussen dann awer och ëmmer déi zwou aner administrativ Sproochen vum Land sinn.