Motioun: fir d’Integratioun vun den auslännesche Matbierger

print

An der Gemengerotssëtzung vum 19. Mäerz 2012 huet de Gemengeconseiller Fernand Kartheiser dës Motioun agereecht.

De Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg

Consideréiert:

  • Dat d’Integratioun vun den auslännesche Matbierger e besonnescht wichtegt Uleies vun der Stad Lëtzebuerg ass;
  • Dat d’Léieren vun der lëtzebuerger Sprooch et onsen auslännesche Matbierger erméiglecht un all Deel vum gesellschaftlechen Liewen deelzehuelen a gläichzäiteg hir Chancen um Aarbechtsmaart verbessert;
  • Dat d’Stad Lëtzebuerg e wichtege Bäitrag leescht andeem si selwer Lëtzebuergesch-Couren offréiert;
  • Dat d’Stad dowéinst och ons auslännesch Matbierger soll encouragéieren fir Lëtzebuergesch ze léieren an si op dem Wee soll konsequent ënnerstëtzen.

Decidéiert:

  • Dat all neie Bierger vun der Stad Lëtzebuerg den sech an d’Gemeng aschreiwe kënnt a nach kee Lëtzebuergesch kann, direkt beim Aschreiwen doriwwer informéiert gëtt wou an ënner wéi engen Conditiounen hien kann d’lëtzebuerger Sprooch léieren;
  • Dat hien och gläichzäiteg Informatiounen iwwer den Integratiounsvertrag kritt.
Unsere Website verwendet Cookies, die es möglich machen, Nutzer bezogene Informationen zu speichern, während er die Website nutzt. Cookies helfen uns, unser Angebot kundenfreundlicher zu gestalten.  Weitere Informationen Des Weiteren verwendet unsere Website Google Analytics, einen Webanalysedienst von Google Inc. Dieses ermöglicht uns eine Analyse der Nutzung unseres Websiteangebotes um es besser zu gestalten. Wenn Sie dies nicht wünschen, klicken Sie folgenden Link. Analytics deaktivieren.