
©dreamstime
Méindeg, 30. Abrëll 2012
Motioun: fir d’Integratioun vun den auslännesche Matbierger
An der Gemengerotssëtzung vum 19. Mäerz 2012 huet de Gemengeconseiller Fernand Kartheiser dës Motioun agereecht.
De Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg
Consideréiert:
- Dat d’Integratioun vun den auslännesche Matbierger e besonnescht wichtegt Uleies vun der Stad Lëtzebuerg ass;
- Dat d’Léieren vun der lëtzebuerger Sprooch et onsen auslännesche Matbierger erméiglecht un all Deel vum gesellschaftlechen Liewen deelzehuelen a gläichzäiteg hir Chancen um Aarbechtsmaart verbessert;
- Dat d’Stad Lëtzebuerg e wichtege Bäitrag leescht andeem si selwer Lëtzebuergesch-Couren offréiert;
- Dat d’Stad dowéinst och ons auslännesch Matbierger soll encouragéieren fir Lëtzebuergesch ze léieren an si op dem Wee soll konsequent ënnerstëtzen.
Decidéiert:
- Dat all neie Bierger vun der Stad Lëtzebuerg den sech an d’Gemeng aschreiwe kënnt a nach kee Lëtzebuergesch kann, direkt beim Aschreiwen doriwwer informéiert gëtt wou an ënner wéi engen Conditiounen hien kann d’lëtzebuerger Sprooch léieren;
- Dat hien och gläichzäiteg Informatiounen iwwer den Integratiounsvertrag kritt.

