Moslemesch Schoul zu Lëtzebuerg? Wat dann elo?

E Veräin wëll eng moslemesch Privatschoul zu Lëtzebuerg etabléieren. Dat huet RTL gemellt, an en Internet-Site gëtt et och schonn. Detailler fënnt een allerdéngs kaum. Dofir huet den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser eng laang Rëtsch Froen un den Educatiounsminister Meisch gestallt. Deen huet elo geäntwert an deelweis ganz erstaunlech an och net ëmmer schlecht Saachen. Mä nach laang net ëmmer op d’Froen.

Beim Minister klengt dat esou: Alles wonnerbar mat eise ville Sproochen, alles schéin a multikulti. Kee Wuert, firwat hien awer mordikus Franséisch wëllt zu eiser éischter Kommunikatiounssprooch maachen, wann alles esou wonnerbar ass. Kee Wuert zum Lëtzebuergeschen, ausser datt vill Privatschoule gäre Coure géingen offréieren. Ma firwat geet dat dann nach ëmmer net, Här Minister?

An eng moslemesch Schoul? Alles kee Problem, seet de Minister. Et ass guer keng moslemesch Privatschoul, mä eng Schoul vun enger Associatioun [vu Moslemen]. Dat seet hie scho net méi.

Deel dëse Post: