Mord: manner schlëmm wéi Sexualdelikter?

Zu Lëtzebuerg kënne Verbriechen an der Reegel zéng Joer, nodeems se begaange goufen, net méi strofrechtlech verfollegt ginn. (Bei Verbrieche géint Mannerjäreger fänkt d’Verjärungsfrist réischt un, wann de Betraffene groussjäreg ass.) Am Géigesaz beispillsweis zu Däitschland, wou Mord net verjäert, kënnen zu Lëtzebuerg presuméiert Mäerder also zéng Joer no hirer Dot net méi verurteelt ginn. Just Verbrieche géint d’Mënschlechkeet, Krichsverbriechen, Genozid asw. verjären net.

Onofhängeg dovu plangt d’Regierung ee Gesetz, dat schwéier Sexualstrofdote wéi Vergewaltegung als onverjärbar erkläert. Säit der Ofschafung vun der Doudesstrof ass Mord an eisem Code pénal also reegelrecht “deklasséiert” ginn, wärend schwéier Sexualdelikter an Zukunft op eng Stuf mat Genozid gestallt solle ginn. Op wéi enge sachlechen Iwwerleeunge berout d’Virstellung vun der Regierung, datt Mord éischter verjäre soll wéi schwéier Sexualdelikter?

Deel dëse Post: