Mord- an Haassfantasien duerch de Jean Asselborn!

Als Lëtzebuerger Bierger ass een et jo gewinnt, datt ausgerechent den ieweschten Diplomat Jean Asselborn reegelméisseg verbal entgleist. Mee den Här Asselborn wier wuel net éiwege Bausseminister, wann hien net genausou reegelméisseg géif beweisen, datt en ëmmer nach kann een dropleeën. Um 100Komma7 huet hie lo op mannst indirekt zum Mord um russesche President Wladimir Putin, als gewielte Staatschef opgeruff. Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser huet mat enger dréngender parlamentarescher Fro un de Staatsminister Xavier Bettel reagéiert. D’ADR waart gespaant, ob dës Ausso der allgemenger Haltung vun der Regierung entsprécht, déi sech jo soss sou leidenschaftlech géint Haassried engagéiert.

Hannergrond

Deel dëse Post: