D’Qualitéit vun engem Schoulsystem ass e Schlësselfacteur fir d’Zukunft vun engem Land. Dëst gëllt zemools elo fir Lëtzebuerg, wou eist Land sech ëmmer méi am internationalen Ëmfeld muss behaapten ouni kënnen op Souveränitéitsnischen oder eege Buedemressourcen zeréckzegräifen. Responsabel Schoulpolitik heescht, fir eise Kanner Wëssen a Bildung ze vermëttelen an hinne Freed un der Leeschtung zeréckzeginn.

De Bilan vun der schwaarz-rouder Schoulpolitik ass awer leider een eenzegen Desaster. D’Reform vun eise Primärschoulen huet näischt bruecht ausser Etiketteschwindel, vill Duerchernee bei den Bilanen an en dramatesche Verfall vum Niveau. Déi sougenannte Kompetenze verstoppen nëmmen de Manktem u Wëssen a Kënnen. Déi wichteg Aféierung vun engem Direkter fir d’Primärschoule gëtt nach ëmmer vun de Sozialiste blockéiert.

D’ADR fuerdert d’Reform vun der Reform. Et muss nees méi Wäert op d’Léiere geluecht an och Zäit genuch dofir reservéiert ginn. An der Grondschoul mussen, am Kader vum Programm, d’Enseignante méi pädagogesch Fräiheete kréie fir op déi spezifesch Situatiounen an hirer Klass kënnen anzegoen. Och d’Gesamtressourcen, déi enger Schoul zougedeelt ginn, musse méi wéi bis elo un déi verschidde Besoinen (Kanner, déi d’Lëtzebuergescht net als Mammesprooch hunn, soziokulturell Hierkonft, Accueil vu Kanner mat spezifesche Besoinen…) ugepasst ginn.

Déi auslännesch Kanner mussen an hirer Scolaritéit gehollef kréie fir den néidegen Niveau z’erreechen, dëst an alle Sproochen, déi an onse Schoule gebraucht ginn, a besonnesch och am Lëtzebuergeschen. D’ADR erënnert un hir Fuerderung, déi sougenannt Primo-arrivants a regionalen, méi zentraliséierten a staatleche Strukturen ze betreien, fir datt se duerch Intensivcoursen den néidege Sproochniveau erreeche kënnen an dann an déi normal ëffentlech Schoul integréiert ginn.

Wat der Educatiounsministesch hir Pläng fir de Secondaire ugeet, esou hofft d’ADR, datt déi schwaarz-rout Regierung hir geplangte Reformen net méi virun den nächste Wale wäert duerchzéien. Et muss Schluss sinn mam Kompenséieren a mam “nivellement vers le bas”. Och fir de Secondaire huet d’ADR eng Rei ganz konkret Virschléi gemeet, fir däitlech méi Niveau a méi Leeschtung an d’Lycéeen ze kréien, an hält drop, datt op d’mannst 5 Sektiounen (Sproochen, Mathé, Naturwëssenschaften, Economie a Finanzen, Konscht a Musek) anstatt zwou „Dominanten“ bestoe bleiwen. Ausserdeem muss Lëtzebuergesch an alle Klassen en obligatorescht Schoulfach ginn. Nom Modell vum Sportslycée soll och e Lycée fir Konscht a Musek gegrënnt ginn.

D’Kanner, ob si hei gebuer sinn oder mat hirer Famill op Lëtzebuerg komm sinn fir ze bleiwen, sinn ons Zukunft. Duerch den „nivellement vers le bas“ vun onsem Schoulsystem hu si awer manner Chancë berufflech hiert Liewen an der konkurrenzstaarker Welt ze meeschteren. Dës Zukunft, déi vun de Kanner a vum Land, däerf net duerch sënnlos Reformen op d’Spill gesat ginn.