Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den d’Madame Ministesch fir Kultur, un d’Madame Educatiounsministesch an un den Här Ausseminister weiderzeleeden.

D’Regierung mécht grouss Efforte fir d’Kulturofkommes mat der portugisescher Republik vun 1982 ëmzesetzen. Opgrond vun dem Accord, an an Zesummenaarbecht mat der portugisescher Ambassade zu Lëtzebuerg, leeft an eise Spillschoulen (dem Cycle 1 vum Fondamental) dëst Joer nees e neie Projet un, fir d’Scolarisatioun vun de portugisesche Kanner an hirer Mammesprooch ze erméiglechen.

An dem bilateralen Ofkommes vum 12. Juli 1982 hunn déi zwee Länner awer och eng Rei vu géigesäiteg Verflichtungen iwwerholl. Dowéinst wollt ech d’Regierung froe wéi si d’Ëmsetzung vun dem Kulturofkommes gesäit.

Zu Artikel 7: Wéi vill lëtzebuergesch Enseignanten an Experten am schoulesche Beräich an aus der Erwuessenebildung woren zënter 1982 an Austauschprogrammer a Portugal? Wéi vill portugisesch Enseignanten an Experte woren an sou Programmer zu Lëtzebuerg?

Zu Artikel 8: Wéi vill portugisesch Enseignanten hunn eng Bourse kritt fir d’Lëtzebuerger Sprooch a Kultur ze léieren? Wéi vill lëtzebuerger Enseignanten hunn eng Bourse kritt fir d’portugisesch Sprooch a Kultur ze léieren?

Zu Artikel 9: Wéi vill Enseignanten, Conferencieren, Fuerscher a Studente goufen ausgetosch? Wéi goufen d’Kontakter tëschent den Unterrechts-, Kultur – a Fuerschungsinstituter tëschent deenen zwee Lanner favoriséiert?

Zu Artikel 10: Wéi vill där Bourse fir d’Studéieren an de Perfektionéieren an de Beräicher vun der Konscht, der Kultur an der Wëssenschaft goufe vun deenen zwee Lanner accordéiert?

Zu Artikel 18: Sinn dei gemëschte Kommissiounen all drëi Joer zesummekomm a wat woren hir Conclusiounen?

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

Gemeinsam Äntwert vun der Kulturministerin, der Educatiounsministerin an dem Ausseminister op d’parlamentaresch Fro N°2316 vum Deputéierte Fernand Kartheiser

D’Froe vum honorabelen Deputéierte betreffen engersaits de Kooperatiounsprogramm, deen de 4. Juni 2008 (als Ëmsetzung vum Kulturaccord vu Lissabon vum 12. Juni 1982) zu Lissabon ënnerschriwwe gouf, an anerersâits d’Reunioun vun der “ sous-commission mixte en matière d’intégration scolaire des enfants portugais „, déi den 9. an den 10. Dezember 2010 stattfonnt huet.

1. Fro : Dem Educatiounsministère sinn drai Persoune bekannt, eng aus dem Joer 1997, déi zwou aner aus dem Joer 1999, déi Kandidate fir eng Bourse waren. Hir Donnéeë goufen un de Kulturministère weidergeleet, dee sech ëm d’Attributioun vun de Bourssen, déi am Kulturaccord virgesi sinn, bekëmmert. Donieft krut am Joer 1990 een Enseignant eng Bourse vum Instituto Camôes.

Froen 2, 3 a 4 : Am Kontext vum Kulturaccord an op Basis vun deem, wat mam Partnerland an de méijäregen Exekutivprogrammer festgeluecht gouf, kritt de Kulturministère d’Demanden an d’Offere vun de Bourssen a gëtt se fir Avis virun un déi zoustanneg Administratiounen.

Wat d’Boursse betrëfft, déi an den Artikelen 8, 9 an 10 ernimmt ginn, huet de Kulturministère zanter enger Rei Jore keng Demande a keng Offer enregistréiert. Et gouf och keng Ufro eragereecht fir e Finanzement vun enger Bourse iwwer de Budget vum Kulturaccord.

Eng Analys vum Kulturministère weist, datt dës Situatioun dohier kënnt, datt engersaits déi meescht universitar Studiëgâng d’Méiglechkeet fir en Auslandssemester bidden, respektiv datt d’Studenten ëmmer méi Méiglechkeeten hunn, fir Bourssen am Kader vun europaesche Programmer accordéiert ze kréien (am Kader vum Erasmus-Programm waren am Schouljoer 2011/12 z.B. 5 portugisesch Studenten op der Universitéit Lëtzebuerg).

Anerersâits kommen dës Echangen och op eng direkt Aart a Weis zustanen, z.B. am Kader vu gemeinsame Fuerschungsprojeten, respektiv weist sech, datt d’Weiderentwécklung vun de modernen Technologien am Kommunikatiounsberëich, gradesou wéi d’Disponibilitéit vun digitaliséierten Informatiounen e Fernstudium méiglech maachen an och vereinfachen.

Den Ausbau vun de Relatiounen tëschent de Kulturinstituter gëtt duerch direkt Kontakter tëschent den Institutiounen op deenen ënnerschiddiechsten Niveauen (virun allem duerch konkret Projeten), an zum Deel och iwwer europëesch Reseauen an/oder Aarbechtsgruppe virugedriwwen.

Intéressant Kontaktméiglechkeete goufen awer och vun der lëtzebuergescher Ambassade zu Lissabon initiéiert. Duerzou koumen nach zousâtziech kulturell Aktivitéiten, déi de Kulturministère, den Ausseministère an d’Ambassade vu Lissabon zesummen organiséiert hunn.

Ganz speziell am Berâich vun der Musek goufen d’Kontakter duerch den Exportbûro vun der lëtzebuergescher Musek intensivéiert. Personell Contraintë verhënnere leider, datt dës Relatiounen nach kënne weider ausgebaut ginn.

Fro 5 : D'“ sous-commission mixte en matière d’intégration scolaire des enfants portugais “ ass drâimol zesummekomm, an zwar zu Lissabon de 17. an 18. Mâerz 1997, zu Lëtzebuerg de 14. an de 15. November 2002 an nach eng Kéier zu Lëtzebuerg den 9. an 10. Dezember 2010.

D’Conclusiounen heivunner sinn:

1997 :

Reaktivatioun vum Pilotage-Grupp, fir den integrativen Unterrecht ze bewâerten

Kreatioun vun engem bilatérale Kontaktgrupp fir d’Ausschaffe vu Virschléi, déi den Autoritéite vu béide Länner virgeluecht ginn

2002 :

Informatiounsaustausch iwwer déi respektiv Schoulsystemer

D’Fërdere vu Pilotprojeten, déi en interkulturellen Dialog am Précoce an am Préscolaire viséieren

D’Fërderen an d’Verbessere vum integrativen Unterrecht, an ënner anerem eng besser Integratioun vun de portugiseschen Enseignanten an de Schoulen

D’Organisatioun vun den Exame fir Portugisesch als Friemsprooch beim Centre de Langues Luxembourg (den aktuellen Institut national des langues)

D’Ubidde vu Léiermaterial beim Centre de Langues Luxembourg a beim Service de la formation des adultes vu portugisescher Sâit

Lëtzebuergesch Course fir Enseignanten, deenen hir Mammesprooch Portugisesch ass

2010 :

D’Offer vu Coursen an der Mammesprooch am 1. Zykius

D’Promotioun an d’Verbesserung vum integrativen Unterrecht, virun allem d’Evaluatioun vun de sproochlechen Acquise vun de portugisesche Schûler an d’Evaluatioun vun de portugiseschen Enseignanten duerch déi portugisesch Autoritéiten

Kreatioun vun engem permanenten Aarbechtsgrupp, deen derfir suergt, datt d’Decisiounen, déi geholl goufen, eng Suite kréien