Message vum Fraktiounschef Gast Gibéryen

Eigentlech wollten am Joer 1987 dräi Gewerkschaften – FEP, ALEBA an NGL – eng neutral Gewerkschaftsfederatioun grënnen, a fir hire Memberen d’Wichtegkeet vun esou enger Federatioun ze beweisen, sollt fir d’éischt eng gemeinsam Aktioun initiéiert ginn.

Op d’Renteproblematik huet ee sech séier gëeenegt. Schliisslech hunn iwwert Joeren, fir net ze soe Joerzéngten, Gewerkschaften aus dem Privatsecteur Rentegerechtegkeet zu Lëtzebuerg gefuerdert, an déi politesch Parteien dës och ëmmer virun de Wale versprach, awer no de Walen dëst Verspriechen ni gehalen.

„5/6 Pensioun fir jiddfereen“ war de Slogan, op deen ee sech gëeenegt huet, an an engem Communiqué sollt Ëffentlechkeet op d’Problematik opmierksam gemeet ginn.

Mä weder dee vun der Aleba verfaasste Comuniqué gouf gemeinsam verëffentlecht, nach gouf eppes aus der neutraler Gewerkschaftsfederatioun. Eng Gewerkschaft, d’NGL, huet dunn de Communiqué eleng ënnert hirem Numm verëffentlecht, an d’Resonanz heirobber war esou grouss a positiv, datt doropshin en iwwergewerkschaftlechen an iwwerparteilechen Aktiounskomitee gegrënnt gouf, mat Leit aus alle Schichten a politesche Richtungen a mat Organisatioune wéi FLB, NGL an Aktioun Mëttelstand.

Petitiounsaktioun, Manifestatioun, Entrevuë mat sämtleche Parteien am Sozialministère hunn zu kenge konkrete Resultater gefouert, am Zesummenhang mat der zu deem Zäitpunkt duerchgefouerte Rentereform.

Konsequenz war d’Participatioun un de Chamberwale vun 1989 mat dem bekannte Resultat, datt 10 Joer méi spéit déi laang gefuerdert Rentegerechtegkeet Realitéit ginn ass, an d’Renten aus dem Privatsecteur eng bis dohinner ni gekannten Erhéijung erfuer hunn.

D’ADR huet nieft dësem Succès sech am Laf vun der Zäit awer och vun enger Ee-Punkt-Partei zu enger Partei mat Grondsazprogramm entwéckelt, sech souwuel um nationale wéi europäesche Plang en Numm gemeet a villes zum Positive beweegt.

Esou datt een haut ka soen: Jo, d’ADR war en Zoufallsprodukt, awer och eng Noutwennegkeet, duerch déi villes beweegt ginn ass. Dofir ass se haut fest an der politescher Landschaft verankert an net méi ewechzedenken.

Gast Gibéryen
President vum parlamentareschen ADR-Grupp