Am Kader vun hirer 25-Joer-Feier huet d’ADR eng Festbroschür erausginn. Dëst ass de Message vum Chamberpresident Laurent Mosar.

Eng Partei feiert Gebuertsdag. E Gebuertsdag ass awer net nëmmen eng Geleeënheet fir ze feieren. Et ass och de Moment, fir an d’Vergaangenheet ze kucken, e Réckbléck ze woen op dat, wat war, sech kritesch mat sech selwer auserneenzesetzen an eventuell Léieren doraus ze zéie fir dës dann an déi heiteg an zukënfteg Ziler afléissen ze loossen.

Viru 25 Joer, wéi den deemolegen „Aktiounskomitee“ gegrënnt gouf, huet een Thema d’Leit beweegt an zesummebruecht. Et waren d’Problemer a Saache Renten- a Pensiounsgerechtegkeet. D’Envergure vun den Diskussiounen zu där Zäit huet et mat sech bruecht, datt den „Aktiounskomitee 5/6 Pensioun fir jiddfereen“ gegrënnt gouf.

Wann 1987 souzesoe just ee Punkt um Programm stoung, esou huet den „Aktiounskomitee“ mat der Zäit och aner gesellschaftlech Themen opgegraff, sech lues awer sécher zu enger Partei am klassesche Sënn vum Wuert forméiert an organiséiert. D‘ADR ass zanter 1989 dann och kontinuéierlech an der Chamber vertrueden, mat tëscht véier a siwen Deputéiert, dorënner Politiker, déi schonn op eng laang politesch Carrière zeréckkucke kënnen.

D’ADR war zanter hiren Ufäng an der Oppositioun. D’Missioun vun enger Partei an der Oppositioun ass et sécherlech och de Fanger op déi eng oder aner Wonn ze leeën an doduerch eng Debatt ze lancéieren. An deem Sënn huet d’ADR zanter hirem Bestoe sécherlech hir Roll zur Zefriddenheet vun hire Wieler gespillt. Déi kontradiktoresch Diskussiounen, déi d’ADR duerch hir politesch Schwéierpunkten ugestouss huet, hunn och ouni Zweiwel zu der pluralistescher Meenungsbildung hei am Land bäigedroen.

25 Joer si wuel eng laang Zäit, mä fir eng Partei zu Lëtzebuerg ass et awer nach e jonken Alter. Dës jonk Partei ass an de leschte Joren och duerch déi eng oder aner Héichten an Déifte gaang. Si huet och Krise kannt an iwwerstanen a gehéiert haut zu der politescher Landschaft an eisem Land.

Meng beschte Wënsch fir de 25. Gebuertsdag.

Laurent Mosar
Chamberpresident

Hei sinn déi aner Bäiträg, déi an der Festbroschür ze fanne sinn: