[BEÄNTWERT] Mères porteuses

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un den Här Gesondheetsminister weiderzeleeden.

D’Medien a Marokko berichten, datt eng 600 Fraen aus dësem Land Kanner fir Lëtzebuerger Koppelen ausgedroen hätten. Och wann dës Informatioune kaum ze gleewe sinn, stinn dach eng Rei Froen am Raum. Lëtzebuerg huet keng Legislatioun iwwert „geléinte Mammen“ (mères porteuses, gestation pour autrui), genau esou wéineg wéi e Gesetz, dat déi kënschtlesch Befruchtung encadréiert.

Dowéinst wéilt ech dem Här Gesondheetsminister dës Froe stellen:

1)      Kann den Här Minister d’Informatioune vun de Medien aus Marokko formell dementéieren ? Ass eng Enquête doriwwer zu Lëtzebuerg gemeet ginn ?

2)      D’Fro vu Fraen, déi fir friem Koppelen e Kand ausdroe stëllt sech ëmmer méi akut. Wëll d’Regierung op dësem Punkt legiferéieren ? Wa jo, a wéi eng Richtung soll dës Gesetzgebung goen, an a wéi engem Delai kéint esou e Gesetzprojet an der Chamber deponéiert ginn ?

3)      Ass d’Regierung bereet, déi kënschtlesch Befruchtung gesetzlech z’encadréieren ? Wa jo, a wéi eng Richtung soll dës Gesetzgebung goen, an a wéi engem Delai kéint esou e Gesetzprojet an der Chamber deponéiert ginn ?

4)      Ginn et zu Lëtzebuerg Statistiken oder Etuden iwwert d’Kanner, déi iwwert de Wee vun der kënschtlescher Befruchtung oder vun enger mère porteuse op d’Welt koumen?

 

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

 

Réponse écrite de Monsieur Mars Di Bartolomeo, Ministre de la Santé

Deel dëse Post: