Méi Fräiheet fir méi ekonomesch Plangbarkeet!

De Lëtzebuerger Bausecteur geréit trotz engem boomende Wunnéngsmarché onerwaart an eng schwiereg Situatioun. De Grond: ëmmer méi essentiell Baumaterialie fänken u knapp ze ginn. Den Drock an de Liwwerketten ass real! Eng Entbürokratiséierung wier dringend néideg. Stattdesse stécht d’Regierung awer de Kapp an de Sand a fuerdert aus renger Ideologie souguer nach weider Oplagen. Wéi kann dat sinn?

Deel dëse Post: