Orange Week an häusslech Gewalt géint Männer – dierfe mir weider d’Aen zoumaachen?

 

Gewalt doheem ass en dramatesche Phänomen an d’Sensibilisatioun fir dëse Sujet ass eng gutt Saach WANN se objektiv an éierlech virgeet.

De Comité fir de Kampf géint Gewalt am Stot, deen 2003 gegrënnt gouf an dem Chancëgläichheetsministère ënnersteet, schreift a sengem Rapport vum Abrëll 2018 ernüchternd Zuelen am Kader vun de Policeinterventioune wéinst Gewalt am Stot:

 

iwwer 35% vun den Affer si Männer a ronn 65% vun den Affer si Fraen

iwwer 31% vun de Täter si Fraen a ronn 69% vun den Täter si Männer

 

Well déi Zuelen sech op déi Fäll baséieren, an deenen d’Police geruff gëtt, muss ee leider dovun ausgoen, datt d’Donkelziffer virun allem och bei de männlechen Affer wäitaus méi héich ass, dëst wéinst der Angscht, datt d’Police engem Mann net gleeft, deen em Hëllef rifft, wann e vun enger Fra gewalttäteg behandelt gëtt.

An der Woch vum 19/11 op de 25/11 gëtt eng ‘Orange Week’ zu Lëtzebuerg ausgeruff an zwar net als Opruff géint Gewalt allgemeng, mee exklusiv géint Gewalt géint Fraen. Organisateure sinn de Chancëgläichheetsministère, de net representative CNFL (Conseil National des Femmes du Luxembourg) a Zonta Lëtzebuerg. Et ginn an deem Zesummenhang Konferenzen an Ausstellungen ënnert anerem op der Uni awer och soss uechter d’Land ofgehalen.

An den Ae vun den adr Fraen eng verpasste Chance fir op Gewalt am Stot am Allgemengen opmierksam ze maachen a fir zesummen ouni Viruerteeler ze diskutéieren, wéi mer déi dramatesch Situatioun kenne verbesseren, wéi mer allen Affer, egal vu wéi engem Geschlecht, kennen hëllefen ouni Tabu an ouni Klischee, ouni Infantiliséiereung a Victimisatioun vun deenen Engen an der globaler Virveruerteelung vun deenen Aneren.

Et géif héich Zäit, fir an déi Diskussioun méi Éierlechkeet ze bréngen.

An der Educatioun vun de Kanner an deene Jonke wier et wichteg, datt d’Jongen an d’Meedercher géigesäitege Respekt léieren, och am Beräich vun der Léift an der Sexualitéit, datt se alle béid léieren, datt e ‘Nee’ en ‘Nee’ ass, datt se léiere Verantwortung ze iwwerhuelen an datt se de Wäert vun der  Famill a vum Zesummenhalt nees vermëttelt kréien.

Et gëtt vill Fraen-Haiser an eisem Land, wou Fraen sech mat hire Kanner kenne refugiéiere, wann néideg. D’adr Frae begréissen dat. Sou Strukturen, déi vum Staat sollte geréiert ginn, sollten och regional iwwer dat ganz Land verdeelt ginn. Awer wier et net héich Zäit fir och esou Haiser fir Männer unzebidden? Männer déi Affer vu Gewalt ginn, hu bis elo keng vergläichbar Infrastrukturen hei am Land fir sech an hir Kanner.

Wier et net och wichteg ewech ze kommen dovun, datt am Fall vu Gewalt doheem ëmmer d’Police den éischten Intervenant op der Plaz ass an hin zu engem «Samu Social», dee genee esou séier op der Plaz kéint sinn, awer dann als Mediateur an op eng manner familljen-intrusiv Aart a Weis intervenéiert an evaluéiert, ob d’Police muss ageschalt ginn? Hei muss een sech froen, ob mat der direkter Interventioun vun der Police, der Ewechweisung, dem Auserneerappe vun de Familljen, d’Medikament net heiansdo ka grad esou schlëmm sinn ewéi d’Krankheet selwer?

 

Mir adr Frae wënschen eis, datt den Diskurs vun der haislecher Gewalt op eng objektiv, wëssenschaftlech an éierlech Basis gestallt gëtt, ewech vun all Ideologie, an datt d’Berouegung vun enger Konfliktsituatioun duerch d’Mediatioun viru d’Police-Interventioun gesat gëtt. D’adr Fraen hätte gär, datt an der Schoul dat richtegt Fëllement fir e respektvollt, wäertorientéiert a verantwortungsvollt Matenee geluecht gëtt an datt eng Offer fir Afferbetreiung a vun Opfankstrukturen och fir Männer ugebuede gëtt. Et kann net sinn, datt aus reng ideologesche Grënn fir op d’mannst een Drëttel vun den Affer iwwerhaapt keng Hëllef ugebuede gëtt!

 

Et ass ze hoffen, datt d’adr Fraen mat hirem Wonsch no méi Éierlechkeet an Ausgeglachenheet an der Diskussioun ëm d’Gewalt doheem net eleng bleiwen! D’Problematik vun der haislecher Gewalt däerf net méi laang vun enger männerfeindlecher Ideologie fir hir Zwecker instrumentaliséiert ginn. All Affer verdéngt Hëllef an Ënnerstëtzung!

 

Pressematdeelung vum 21. November 2018

De Comité vun den adr Fraen

Kontakt :

Sylvie MISCHEL, Presidentin adr Fraen