Dësen Artikel ass an der Spezialeditioun vum Pefferkär fir de 25. Jubiläum vun der ADR publizéiert ginn.

Wéi kann eis Demokratie méi lieweg gestallt ginn? D’ADR huet am Sënn vun enger pluralistescher a partizipativer Gesellschaft eng Rei Propositiounen ausgeschafft, duerch déi d’Bierger kéinte méi staark an déi wichteg Decisiounen agebonne ginn.

D’ADR setzt sech am Allgemenge fir e méi heefege Recours op de Referendum an. Dëst gëllt virun allem fir all Ännerung vun den EU-Traitéen a fir all zousätzlech EU-Erweiderung. Um nationalen Niveau schwätzt sech d’ADR ganz kloer fir e Referendum am Kader vun der geplangtener Verfassungsreform aus. D’Ännerungen, déi solle virgeholl ginn, sinn esou grondleeënd, datt eng Volleksofstëmmung den eenzege Wee kann an däerf sinn fir eng nei Verfassung a Kraaft ze setzen. Zu deenen eenzelne Punkte vun der Verfassungsrevisioun wëll d’ADR demnächst Stellung huelen. Och op kommunalen Niveau huet sech d’ADR fir méi Referendumen ausgeschwat, z.B. am Beräich vun der Transportpolitik a méi spezifesch vum Tram.

Et ass och néideg, datt all Bierger d’Méiglechkeet kritt fir d’Verfassungsgeriicht direkt ze saiséieren. Domadder kéint op eng méi effizient Manéier iwwerpréift ginn, ob e Gesetz verfassungswiddereg ass oder net.

D’ADR verlaangt och eng proportional Vertriedung vun de Parteien am Staatsrot. Et kann net sinn, datt praktesch all d’Membere vun dësem Organ enger vun de gréissere Parteien ugehéieren an datt d’CSV fir sech eleng d’Halschent vun de Mandater akkaparéiert.

De Walsystem muss esou iwwerschafft ginn, datt d’Stëmm vun engem Wieler aus dem Norden oder aus dem Osten grad esou vill Gewiicht kritt ewéi déi vun engem Wieler aus dem Zentrum oder aus dem Süden. D’Zuele schwätze fir sech: am Osten däerfen ëm déi 30 000 Wieler 7 Deputéiert wielen, am Zentrum ginn et 21 Deputéiert fir ëm déi 63 000 Wieler!

Ausserdeem fuerdert d’ADR méi Rechter fir d’Oppositioun an der Chamber. D’Parteien, déi net an der Regierung sëtzen, sollen ënnert anerem méi Riedezäit kréien. Fir eis un der Praxis, wéi se och am Ausland existéiert, unzepassen, verlaangt d’ADR, datt eng Partei, déi op d’mannst dräi Deputéiert huet, och eng eege Fraktioun (groupe parlementaire) ka bilden. Nëmmen esou sinn all d’Standpunkten, déi an der Bevëlkerung ze fanne sinn, och an der Chamber vertrueden!