D’ADR stellt sech kloer géint de Gesetzesprojet iwwer de «gliesene Schüler». De Staat muss a soll net alles iwwer seng Bierger, och d’Kanner, wëssen. D’Alternativ Demokratesch Reformpartei fuerdert, datt dëse Projet zeréck gezu gëtt a vertrëtt de Standpunkt, datt den Dateschutz och fir de Staat muss gëllen.

D’Madame Schoulministesch Mady Delvaux huet am Mee 2011 de Gesetzesprojet 6285 «portant sur l’exploitation d’une base de données à caractère personnel relative aux élèves» op den Instanzewee bruecht. Dëse Gesetzesprojet gouf schonns vun enger Rei vun Institutiounen an Organisatiounen, dorënner och der adrenalin, der Jugendorganisatioun vun der ADR, kritiséiert. Si kënnen den iwwergrousse Virwëtz vun den ëffentlechen Instanzen a virun allem och deen vun der Universitéit Lëtzebuerg net fir gutt heeschen.

Och d’ADR stellt sech kloer géint de Gesetzesprojet iwwer de «gliesene Schüler». An hiren Aen leeft dëse Projet op eng Verletzung vun der Privatsphär vun de Schüler an hire Familljen eraus. D’ADR gëtt domadder all deenen Recht, déi onmëssverständlech op d’Noutwennegkeet vum Dateschutz higewisen hunn an d’Gefore vun dësem Gesetz däitlech gemaach hunn, dorënner de Staatsrot, d’Chambre de Commerce, d’Chambre des Salariés an d’Proffegewerkschaft APESS.

D’ADR rifft d’Regierung ganz allgemeng, mee besonnesch den Unterrechtsministär dozou op, fir endlech méi virsiichteg a méi verantwortungsvoll mat den Date vun de Bierger ëmzegoen. De Staat muss net alles iwwer seng Bierger wëssen an hie muss séng Froen op de strikte Minimum beschränken, deen noutwenneg  ass, fir verschidden Aufgaben ze erfëllen. Et däerf net sinn, datt d’Schüler Froen iwwer de Liewensstandard oder aner Froen iwwer hir Elterenhaus gestallt kréien. Dat verletzt och d’Perséinlechkeetsrecht vun den Elteren.

D’ADR ass virun allem och dergéint, datt d’Universitéit Lëtzebuerg déi privat Donnéeë vun de Schüler ka matgedeelt kréien. All privat Donnéeë vun de Schüler mussen och direkt no dem Enn vun hirer Scolaritéit definitiv an an enger kontrolléierter Form geläscht ginn.

D’ADR verlaangt duerfir, datt d’Regierung dëse Gesetzesprojet soll zeréckzéien. Si fuerdert d’Regierung doriwwer raus op, fir der Chamber e Gesetzesprojet virzeleeën, mat deem den Dateschutz hei am Land däitlech verschäerft gëtt.