Net ëmmer sinn arabesch Pëtrolsproduzenten oder d’Wiesselcourse Schold wa Brennes, Bensin a Mazout méi deier ginn. Éischt Decisioun vum neie sozialistesche Wirtschaftsminister: en Deal mat de Petrolieren deen dësen erlaabt hir Margen um Mazout, Bensin an Diesel ze hiewen. Dëst beweist: nodeems d’CSV-LSAP Regiergung den Index esou manipuléiert huet, datt d’Inflatioun keen Afloss méi huet op d’Ausléisung vun enger Indextranche, ka se d’Präisser zu Lëtzebuerg fräi laafe loossen. D’ADR fuerdert d’Regierung op, d’Inflatioun an de Grëff ze kréien an de Kafkraaftsverloscht a Grenzen ze halen.

Et gëtt nëmmen nach wéineg Präisser wou de Staat en direkten Afloss huet, an duerzou gehéieren d’Energiepräisser am allgemengen an d’Petrolspräisser am besonneschen. Esou ass et keen Zoufall, datt eng Woch nodeems den Index esou manipuléiert gouf, datt d’Inflatioun net méi bei de Paien ausgeglach muss ginn, eng Decisioun vun der Regierung – déi éischt vum Wirtschaftsminister Etienne Schneider – de Petrolieren et erlaabt, hir Margen um Bensin, Diesel an Mazout ze hiewen.
Bei dës Decisioun passt, datt den Etienne Schneider, wéi en nach net Minister war, mä President vun Enovos – eng Gesellschaft wou de Staat staark engagéiert ass – d’Präisser vum Äerdgas vum 1. September 2011 un gehuewen hat.

Dëse Verloscht vun der Kafkraaft gëtt duerch d’Indexmanipulation déi d’CSV, d’LSAP, d’DP an Déi Gréng an der Chamber gestëmmt hunn, net ausgeglach. D’ADR huet géint dat Gesetz gestëmmt, an bei där Geleeënheet hat den Deputéierte Jacques-Yves Henckes (ADR) gewarnt virun der Tatsaach datt d’Regierung elo keng Ursaach méi huet fir „d’Prix administrés“ stabil ze halen.

D’ADR fuerdert d’Regierung nach eemol op, hir Verantwortung ze iwwerhuelen an d’Inflatioun energesch ze bekämpfen a wéinstens op den Niveau vun der europäescher Moyenne erof ze schrauwen. Wa schonns den automateschen Indexmechanismus ausser Kraaft ass, dann däerf et net zu enger hausgemaachter Inflatioun kommen, schonns guer net duerch Decisioune vun der Regierung!

Mä well den Index ausser Kraaft ass, bleift ze fäerten, fräi nom Wilhelm Busch: „Dies war der erste Streich, der Nächste folgt sogleich“.