Mat Journaliste relaxen

En exzellenten Exercice fir Politiker ass e Presseiessen. E gemittleche Kader, fir emol eng Kéier mam onbekannte Wiese Journalist zesummenzekommen. Eng kleng Ried fir unzefänken, mat entspaanten Diskussiounen duerno beim gudde Kascht aus dem “Clairefontaine”: De Gast Gibéryen huet geschwat iwwer dat verflossent Joer: D’Wuesstumsfal gesäit hie weider: De grénge Nohaltegkeetsminister betonéiert nohalteg méi wéi je iwwer Wiss a Bësch. Groussprojeten wéi den éischter onbedenkleche Spacemining an d’Google-Serverbank muss ee genee op hiren Impakt analyséieren, ier ee se erlaabt. Wann een déi riseg Datebank – d’Gehier vun der Welt – op Lëtzebuerg kritt, muss ee wëssen, datt dat och fir Terroristen en attraktivt Zil ass.

Kritik gouf et och un der ideologesch orientéierter Regierungspolitik. D’Land ass gespléckt wéi ni virdrun, dank Gesetzer géint Kierch an géint d’Familljen, déi hir Kanner doheem wëlle grousszéien, mat nëmmen engem Elterendeel, dee schafft. Och d’Steierreform war en Thema, fir de Gast Gibéryen en onsoziale Projet, wou elo vill Geld mat der Strenz iwwer d’Land verdeelt gëtt. D’Verfassungsreform kënnt net méi. Mä de Gast Gibéryen huet ugekënnegt, datt an der nächster Legislaturperiod keng Reform ouni Referendum däerf passéieren. Hie seet nämlech viraus, datt Gambia an CSV an hire nächste nationale Walprogrammer hir Léift zur Biergerdemokratie wäerten ënnert den Teppech kieren.

Schliesslech huet de Gast Gibéryen e bësse Politik gemaach an iwwer d’CSV-Koalitiounsaussoen iwwer ee Joer virun de Wale gelästert. Koalitioun géint de Wielerwëlle war schliisslech den Haaptvirworf, deen CSV 2013 u Gambia geriicht hat, an elo wëll si schon 15 Méint virun de Walen mat der ADR maachen, wat Gambia NO de Wale mat hir gemaach huet. Genësslech huet de Gast Gibéryen dann och déi grouss Differenzen opgeféiert, déi ADR an CSV an der Europapolitik trennen. Während eis Partei net no der Päiff vu Juncker a Merkel danze wëll, schéngt d’CSV nämlech keng aner Musék wéi de Berliner Marsch ze kennen, bei deem de EU-Kommissiounspresident den Takt schléit.

Deel dëse Post: