Massenhaft Donnéeë vu Lëtzebuerger Bierger un d’WHO iwwermëttelt

D’Regierung huet am Kader vun de PCR-Tester déi géint de COVID-19 duerchgefouert goufen, 37.000 Datesätz vu Lëtzebuerger Bierger un d’WHO weidergeleet. Wat duerno mat deenen Donnéeë geschitt, wësse vläicht déi Responsabel selwer, sécher awer net déi betraffe Leit. Besonnesch brisant: vill Leit hunn sech nëmme bedéngt fräiwëlleg teste gelooss, well soss eng Participatioun um sozialen a kulturelle Liewen (a vum 16. Dezember 2021 un och mat Test) an nom 15. Januar souguer zäitweileg den Accès op d’Aarbechtsplaz onméiglech waren. Hu si iwwerhapt nach eng Méiglechkeet, sech géint dëse skandaléisen Allenggang vun der Regierung ze wieren?

Deel dëse Post: