Dir Dammen an Häre Ministeren, et geet elo duer! Ëmmer méi kënnt an de d’Projete Wickreng & Léiweng d’Gemauschels vun Deeler vun  der Regierung un d’Dagesliicht. D’CSV-LSAP versicht an dësen Dossier, hiren Afloss fir deen een an géint den anere Promoteur spillen ze loossen, an wann d’Press Recht huet gëtt dobäi net gezéckt vu ganz uewen erof bei der d’staatlecher Spuerkeess ze intervenéieren! Dobäi zéckt de Premier Minister Jean-Claude Juncker net, fir confidentiel (geheim!) Bréiwer ze ënnerschreiwen. D’ADR fuerdert an dësem Dossier eng total Transparenz. Sollten d’Faite, wéi vun der Press beschriwwe sinn, stëmme mussen och endlech personnel Konsequenze gezu ginn.

D’ADR fuerdert datt d’Interventioune vun der Regierung an den Dossiere Wickreng a Léiweng vun enger „Commission d’enquête“ innerhalb vum Parlament op hir Legalitéit an Opportunitéit ënnersicht ginn.  D’ADR fuerdert weider mat Nodrock, datt d’Regierung sech endlech en eegene „Code de déontologie“ gëtt, fir d’Membere vun der Regierung an déi héich Beamten, wouranner och kloer Linne gezu ginn, a wann dës dann iwwerschratt ginn,  kloer Konsequenze virgesi ginn.

Un sech si jo d’Dossiere Wickreng & Léiweng nëmmen d’Spëtz vum Äisbierg. Doranner gouf et och, z.B., vum Promoteur vum Projet Léiweng e „Frëndschaftspräis“ beim Loyer fir en Ex-Minister.

D’ADR erënnert och un Virgäng wéi d’Interventioun vun engem Minister bei der Police zu Gonschte vu sengem Jong a senger Fra; un de Versuch vum Educatiounsminister via Gesetz e Member vun der LSAP als Direkter vun engem Lycée ze ernennen ouni dat dësen iwwert déi néideg Diplomer verfügt huet…  All dës „Affären“ si vill méi wéi Interpretatiounsdivergenzen, an am Ausland géifen oder misste Ministeren an esou Fäll hir Demissioun ginn.

D’ADR fuerdert d’Regierung op, mat dësem Gemauschels opzehalen an, och wëll d’Kris nei Sacrifice vun de Leit wäert verlaangen, sech voll a ganz op hir Aufgab ze konzentréieren, ouni Privatinterêten mat deene vum Staat ze vermëschen! Och soll d’Regierung d’Entreprisen déi wëllen zu Lëtzebuerg investéieren an expandéieren ënnerstëtzen, statt wéi zu Wickreng geneemegt Projeten ze kippen, fir dann a Geheimaccorden a mat dubiéisen Interventiounen ze probéieren d’Saach riicht ze béien.

Weider encouragéiert d’ADR d’Press, hire Rôle als 4. Pouvoir an als Wuechthond vun der Demokratie eescht ze huelen, an sech net méi mat  Interpretatiounsdivergenzen ofspeisen ze loossen oder no Parteiinteresse vu „Partis amis“ ze kucken.