Kréien eeler Awunner déi néideg Fleeg? Neen, soen déi Gemengeresponsabele déi dem Servior d’Gerance vum CIPA Nidderanven iwwerdroen hunn. No schwéiere Beschëllegungen vum Buergermeeschter gëtt de Kontrakt mat Servior gekënnegt. A villen aneren Alters- a Fleegeheemer ass dëst awer net méiglech. D’ADR fuerdert dofir d’Famillje-ministesch op ee fir allemol den „Établissement public Servior“ esou ze organiséieren datt d’Satisfaktioun vun den eeleren Matmëschen Prioritéit kritt virun den Interessien vun der Verwaltung.

Fënnef Gemengen – Nidderanven, Betzder, Contern, Schëtter a Walfer – wëllen Ënn 2011 de Kontrakt léisen mat deem se d’Gerance vun hirem Altersheim (CIPA) un den Établissement public Servior ofginn hunn. An engem Interview mécht de Buergermeeschter vu Nidderanven, de Raymond Weydert (CSV), dem Établissement public grave Reprochen! Et géif net genuch Fleeg, net genuch Transparenz, net genuch Personal, an dëst trotz Präisser déi dauernd an d’Luet ginn. De Buergermeeschter wëllt och wëssen wat mam Geld geschitt dat fir d’Verwaltung opbruecht gëtt a mengt et géif „e Waasserkapp bezuelt ginn“.

Dëst sinn net déi éischt Virwërf déi un Servior geriicht ginn. D’ADR erënnert un de Rapport spécial vun der Cour des Comptes vum Juni 2007. Do gouf zum Beispill festgehalen datt 62 vun 474 „agents de l’État“ supplementar Remunératiounen kruten an/oder iwwert en Déngschtwon verfügt hunn. D’Cour des Comptes hat bemängelt datt 10 Agenten sech 120.469,53 € als „complément de salaire“ gedeelt hunn! Och d’Memberen vum Verwaltungsrot hunn all Mount eng Indemnitéit krut, niewent de Jetons de présence, obschonns dëst net am Gesetz iwwer de Servior virgesinn ass.

Och wat d’Präisser fir Pensionnairen ubelaangt hat d’Cour des Comptes eng Rei Froe gestallt an eng méi grouss Transparenz gefrot. Weider Froen vun der Cour des Comptes, mä och zum Beispill vum ADR-Deputéierten Jacques-Yves Henckes, betreffen d’Art a Weis wéi Servior mam Gesetz iwwert d’Marchés publics ëmgeet.

De Rapport vun de Cour des Comptes gouf nom Modell Lëtzebuerg ënnert den Teppech gekiert. Déi grave Reprochen vun de Gemengeresponsabelen déi fir den CIPA Nidderanven Verantwortung droen weisen elo datt dëst de grousse Feeler vun der CSV-LSAP Majoritéit an der Chamber war, genau esou wéi vun de Familljeministesch Marie-Josée Jacobs déi d’Tutelle iwwert den Établissement public Servior huet.

Leider kënnen déi meeschte Pensionnairen déi an engem Alters- oder Fleegeheem betreit ginn, wat ënner Servior Leedung steet, net op eng nei Gerance hoffen. Dofir fuerdert d’ADR d’Madame Jacobs op, de Stall Servior an sengen ieweschten Etagen grëndlech auszemëschten! Déi net wéineg Suen déi ons eeler Leit fir d’Pensioun an den Alters- oder Fleegeheemer bezuelen mussen dëse Leit ze gutt kommen an däerfen net benotzt ginn fir e „Waasserkapp“ an der Verwaltung ze ënnerhalen.

D’ADR schléit vir d’Gesetz iwwert den Établissement public Servior esou ze änneren datt eng maximal Transparenz garantéiert gëtt, och bei dem Festleeën vun de Präisser . Esou wuel d’Verwaltungskäschten wéi d’Investitiounskäschten sollen erëm vum Staat iwwerholl ginn. Och de Staat an d’Regierung hunn eng grouss Verantwortung fir ons eeler Leit, dës däerf net op en Etablissement public ausgelagert ginn.