Näischt géint déi nei CSV-Deputéiert Tessy Scholtes, déi gëscht an d’Chamber nogeréckelt ass. D’ADR besteet awer drop, datt och fir CSV-Kandidaten d’Gesetzer an Reglementer integral mussen agehale ginn, an datt de Grondsaz vun der Gläichheet virum Gesetz fir jidderee muss gëllen!

All Déiere si gläich, huet schonns de George Orwell eraus fonnt, mä eenzelner si méi gläich wéi déi aner! Wat fir den engleschen Auteur awer nëmmen eng Persiflage op d’Politik war, ass am Grand-Duché eng batter Realitéit: déi vum allmächtegen CSV-Staat! Et däerf awer net sinn, datt Gesetzer a Reglementer ausser Kraaft gesat ginn, fir engem CSV-Kandidat ze erlaben, an d’Chamber ze kommen an dobäi Privilegen ze genéissen, déi aner Leit net hunn.

Wéi RTL mellt, huet d’Tessy Scholtes „hiere Stage nogeloss kritt“ an et huet „missen e politeschen Arrangement fonnt ginn, fir hir Carrière an hirem Beruff ofzesécheren“! Dat däerf et an engem Rechtsstat net ginn, do mussen d’Gesetzer fir jidderee gëllen, och a ganz besonnesch fir déi, déi dës Gesetzer mat ausschaffen an driwwer ofstëmmen.
Et kann och net sinn datt zukünfteg Fonctionnairen, wann se eng CSV-Kaart hunn, Extrawurschte gebrode kréie fir an d’Chamber ze kommen, aner Fonctionnairen awer Drock an Drohungen ausgesat waren, wéi se ze erkenne ginn hun, datt se géifen op der ADR-Lëscht kandidéieren. Et ass jo och bei wäitem net déi éischte Kéier, datt CSV-Deputéierten mat spezielle Privilege begënschtegt ginn, sief et fir an d’Chamber ze kommen oder mat engem gutt bezueltenen Job – zum Beispill Lyceesdirekter oder engem Posten am Staatsrot – eraus komplimentéiert ze ginn.

D’Privilegen, déi dem CSV-Member Tessy Scholtes accordéiert ginn, ënnergruewen d’Vertraue vum Bierger an de Rechtsstat a schueden dem Image vun der Politik. Weider gët mat dëser Aktioun de Wäert vum „Stage pédagogique“ op Null erofgesat an d’Meenung bestäerkt, datt déi “richteg” Parteikaart – wa méiglech déi vun der CSV – de Garant ass fir eng geséchert Carrière.

 D’ADR verurteelt dës Fiffiswirtschaft schäerfstens a rifft d’Regierung an déi betraffe Persoun derzou op, dëse Kouhandel réckgängeg ze maachen. De Grondsaz, datt all Bierger, dat heescht och CSV-Membren, virum Gesetz gläich sinn, muss respektéiert ginn.