LST: Big Business zu Laaschte vum Steierbezueler?

D’ADR huet déi deier breetflächeg Test-Strategie vun der Regierung vun Ufank un kritesch gesinn, eng Kritik déi mëttlerweil vun enger ganzer Rei Acteuren hei am Land gedeelt gëtt!

Am Duerschnëtt kascht de Large Scale Testing pro Woch bal 2,5 Milliounen Euro u Steiersuen, an dat zënter méi wéi engem Joer. Bis elo ass nëmmen de Bilan vun der éischter Phas gemaach ginn. Vun am ganzen iwwer 566.000 duerchgefouerte PCR-Tester si just 850 positiv Fäll zeréckbehale ginn. Fakt ass datt de Rapport tëscht de Käschten an dem Notze vum LST net just vun auslänneschen, mee och vu renomméierte Lëtzebuerger Dokteren a Fuerscher ëffentlech a Fro gestallt ginn ass an och nach gëtt. No Aussoe vun der WHO sinn asymptomatesch Leit ganz seelen ustiechend.

An dem Kontext gëtt d’ADR gëtt ze bedenken, datt PCR-Tester en éischter indikative Wäert hunn deen eng medezinesch Interpretatioun brauch, bei där nach eng Rei vun anere Faktore muss berécksiichtegt ginn. Dat gëtt genee esou och vun der WHO gesinn.

Dann huet och d’Konkurrenz tëscht dem „Large Scale Testing“ an de PCR-Tester, déi op Ordonnance vum Dokter verschriwwe ginn, zu Retarde bei den Analysen an och bei der Zoustellung vun de Resultater gefouert. Verschidden Dokteren hunn dowéinst d’Meenung vertrueden, déi Tester wäre kontraproduktiv a kéinten dowéinst esou guer zu der Verbreedung vum Virus bäidroen.

Zu Lëtzebuerg sinn, ënnert anerem wéinst dem „Large Scale Testing“, proportional gesi méi positiv Fäll wéi an eisen Nopeschlänner festgestallt ginn, eppes wat dozou gefouert huet datt mir international méi dacks als Héichrisikogebitt agestuuft goufen. Dës Analys huet zu dene strenge Restriktiounen hei am Land, wéi der Ausgangsspär, limitéierte Privatkontakter an d’Zoumaache vum Horeca-Secteur bäigedroen. Och d’Grenzschléissunge sinn also mat eng méiglech Konsequenz vum LST.

Dës an nach aner Consideratiounen hunn d’ADR dozou geféiert fir an der Chamber, an enger Resolutioun vum Deputéierte Jeff Engelen, ze fuerderen, datt d’Cour des Comptes e Spezialrapport soll erstelle fir d’Käschten an de Notze vum Large Scale Testing ze evaluéieren. Si soll  och kontrolléieren ob all déi legal Prozeduren agehale gi sinn, zum Beispill bei den Ausschreiwungen a bei de Rekrutementer. Bei enger Testserie, déi op d’mannst 160 Milliounen Euro kascht, muss besonnesch genee gekuckt ginn wat mat deene Sue gemaach ginn ass a wou si genee higefloss sinn!

Hei ass d’Resolutioun vum Deputéierte Jeff Engelen:

An der Plenière ass awer dunn op d’Kompetenz vun der Budgetskontrollkommissioun verwise ginn. Dowéinst huet d‘ADR e Bréif un d’Presidentin vun der Budgetskontrollkommissioun vun der Chamber (COMEXBU) geschriwwen an dem si nach eemol gefrot huet, datt d’Cour des Comptes soll e Mandat kréie fir den LST ze ënnersichen. D’Budgetkontrollkommissioun vun der Chamber geet elo och effektiv an déi Richtung, obschonn nach keng formell Decisioun geholl ginn ass, datt de Large Scale Testing vum Rechnungshaff soll ënnersicht ginn. Dobäi sollen awer leider just déi prozedural a finanziell Froen ënnersicht ginn. Dat wär awer e wichtegen éischte Schrëtt fir den Dossier LST opzeschaffen.

Bei engem Spezialrapport géing et drëms goen erauszefannen ob dee ganz héije Käschtepunkt vun iwwer 160 Milliounen Euro richteg administréiert gouf. Opfälleg ass, datt d’LSAP an der Budgetskontrollkommissioun hiren Accord dozou nach net ginn huet an em en Délai vun e puer Woche gebieden huet. Wéi bekannt stellt d’LSAP an dëser Regierung de Gesondheetsminister… et daerf een also gespaant sinn, wéi transparent déi Partei wëll sinn!

D’ADR hält Iech um Lafenden!

Esouguer d’Lëtzebuerger Press stellt sech mëttlerweil vill Froen iwwert de Large Scale Testing, hei e Beispill:

Laut deem Artikel am Lëtzebuerger Wort schéngt de ganzen LST e Risegeschäft fir d’Laboratoires réunis ze sinn déi fir déi 3 Phasë vum breetflächegen Testen den Zouschlag kruten.

 

 

 

Deel dëse Post: