D’LSAP Déifferdeng fuerdert Demissioun vum Gemengeconseiller Michel Braquet. Duerch säi Wiessel bei d’DP, mengt d’LSAP hinne géif de Sëtz zoustoen. Dobäi woar et dach den aktuellen LSAP-Gemengeconseiller a Fraktiounsspriecher Ernest Müller, deen dem Michel Braquet et virgemaach huet. Den Här Müller ass bei den Gemengewahlen vun 1993 als ADR Kandidat an de Gemengerot gewielt ginn. A kuerz drop ass hien mat sengem Mandat bei d’LSAP gewiesselt an huet domadder der LSAP zu enger Majoritéit verhollef, déi deemools an engem minoritären Schäfferot zesummen mat der KPL woaren.Och den Här E.Muller ass net zeréckgetrueden fir säi Posten fir deen neechstgewieltenen ADR Kandidat op de Posten ze loossen. Den Här E.Müller konnt och bei deene nächste Wahlen seng Plaz am Gemengerot verteidegen.

D’ADR kann d’Ausso vun der LSAP duerchaus novollzéien, mä wien am Glashaus sëtzt soll bekanntlech net mat Steng geheien.