London gëtt Paien am Finanzsecteur fräi

Groussbritannien profitéiert vum BREXIT, fir sengem Finanzsecteur ze erlaben, d’Paien nees fräi ze fixéieren, ouni kënschtlech Uewergrenzen aus Bréissel. D’City of London gewënnt fir qualifizéiert Personal doduerch staark un Attraktivitéit vis-à-vis vun de Finanzplazen um Festland. Dëse bürokrateschen Nodeel trëfft och Lëtzebuerg. Gesäit d’Regierung eng entspriechend Upassung vir? Eng parlamentaresch Fro vum Roy Reding:

Fro

D’Luxembourg Times schreift, datt déi brittesch Regierung diskutéiert fir de Plafonnement vun de Bonusprimme vu Mataarbechter aus dem Bankberäich, deen d’Vereenegt Kinnekräich nach als Member vun der EU akzeptéiert huet, opzehiewen, fir op déi Manéier fir international Investoren a qualifizéiert Personal nees méi attraktiv ze ginn. Sou eng Decisioun géif London natierlech och op den Hibléck mat der Konkurrenz zur Finanzplaz Lëtzebuerg huelen.

An deem Zesummenhang géif ech der Madamm Finanzminister gär dës Fro stellen:

  • Gesäit d’Madamm Finanzminister de Virstouss aus London als Geleeënheet fir op nationalem an EU-Niveau den nämmlechte Schratt ze ënnerhuelen? Falls net, wéi gedenkt d’Madamm Minister dëse kloren Nodeel an der Kompetitivitéit, deen eiser Finanzplaz géif entstoen op aner Manéier ze kompenséieren?

Mat déiwem Respekt,

Roy Reding – Deputéierten

Deel dëse Post: