Liesen, schreiwen, rechnen

print

D’lescht Woch huet eis Educatiounsministesch nees e Bilan gezunn iwwert de Lëtzebuerger Schoulsystem. Wéi d’Madame Delvaux-Stehres viru Joeren hir Propose fir d’Grondschoul presentéiert huet, wollt se domadder iwwerzeegen, datt mat dëser Reform manner Schüler géingen d’Schoul verloossen. Fest steet, datt den Taux vun de Schoulofbriecher konstant bliwwen ass. All zéngte Schüler verléisst eis Schoulen ouni Qualifikatioun.

Mir hunn ënnert d’Nues geriwwe kritt, datt et mam neie System keng gutt oder schlecht Schüler méi géife ginn. Haut bleift een net méi sëtzen, mä e schwaache Schüler kritt d’Chance een Zyklus ëm ee Joer ze verlängeren. Ob de Schüler awer no dësem Joer liesen a schreiwe kann, ob en déi gefuerdert „Kompetenzen“ erreecht huet, ass egal: hie kënnt weider. Den Enseignant, dee schonns am éischte Joer vum Zyklus mierkt, datt de Schüler schwaach ass, huet mat der Reform keng nei Instrumenter kritt fir wierksam an zur Zäit kënnen anzegräifen. Schlëmmste Falls hätt de schwaache Schüler néng Joer Zäit fir de Cycle 2.1 bis de Cycle 4.2 (1. bis 6. Schouljoer) ouni „Sëtzebleiwen“ duerchzelafen… Dat kann d’Léisung net sinn!

Ausserdeem erwaard d’Madame Ministesch, datt och d’Elteren hëllefen. Déi verstinn awer no véier Joer nach ëmmer net, wéi dee sougenannten objektive Bilan funktionéiert. A leider kann och keen dëse wierklech erklären, egal wéi vill Eltereversammlungen dofir organiséiert ginn.

Ënnert dem Motto « Zesumme fir eis Schüler » huet d’Madame Ministesch opgeruff fir all d’Kräften ze mobiliséiere fir de Schüler vun haut eng Karriär z’erméiglechen. Si huet selwer zouginn, datt musse Proposen a Léisunge fonnt ginn an datt et nees e Joer voller Dialoge gëtt. Wann ee vu Léisunge schwätzt, dann huet ee bekanntlech e Problem. Déi léise sech net eleng mat Dialogen, do brauch een Decisiounen an Aktiounen. Et geet net duer, ëmmer déiselwecht „Spezialisten“ ze froen, an et brauch ee keng grouss Etuden oder e Bilan ofzewaarde fir ze wëssen, wat bei dëser Reform alles schif leeft.

Als éischt brauchen d’Schoulen e verantwortlechen Direkter! Dofir gëtt et an der Chamber eng breet Majoritéit, nëmmen d’Sozialisten an hir Gewerkschafte wëllen dëst net. Da musse Methode fir ze léieren (nees) agefouert ginn; där, déi sech zanter laange Joere bewärt hunn, an och där, déi op nei awer geproufte Kenntnisser opbauen, an déi virun allem de gréisstméigleche Support vum Léierpersonal genéissen. Da brauchen d’Schoulen déi néideg Moyene fir geziilt de Kanner bei Léierproblemer ze hëllefen, souwuel an der regulärer Schoulzäit wéi eventuell an de Strukturen, déi ronderëm d’Schoul opgebaut ginn.

All Kand huet Fäegkeeten, d’Schoul muss do sinn fir dës ze entfalen! Ons Kanner mussen als „Kompetenz“ nees „liesen, schreiwen a rechnen“ kënnen, ier se an de Lycée kommen. Dëst misst, wat d’Grondschoul ugeet, d’Haaptzil si vun all Politiker, deen d’Responsabilitéit vum Educatiounsministère iwwerhëlt.

Och bei der Reform am Secondaire, déi opgrond vu ville Protester elo op emol op déi laang Bänk gedréckt ginn ass, mussen d’Interessie vun de Schüler, onse Kanner, am Vierdergrond stoen. Si musse wuel Freed um Léiere hunn, zu „Bierger“ erzu ginn, mä si mussen dobäi och fit gemeet gi fir den Aarbechtsmaart oder héijer Studien. Dëst ass am Interessi vun onse Kanner a bestëmmt d’Zukunft vum Land.

Joëlle Giannotte, Presidentin vun der ADRenalin.

Dësen Artikel ass den 21. September 2012 an der Rubrik “Zu Gast” vum Lëtzebuerger Land publizéiert ginn.