Lëtzebuerg geréit weider an den Trëndel vun der Eurokris: d’Ratingsagentur Moody’s huet d’Perspektive vu Lëtzebuerg vun „stabil“ op „negativ“ zréckgestuft. D’Alternativ Demokratesch Reformpartei, déi dem europäesche Rettungsschierm EMS net zougestëmmt huet a schonns de 17. Mee 2011 den Austrëtt vu Griicheland aus der Eurozone gefuerdert huet, fillt sech domadder a senge Prognosen a Propositioune bestätegt. D’ADR fuerdert nach eng Kéier de Jean-Claude Juncker op, sech vollzäit anzesetzen, entweder als Eurogruppechef oder als haaptberuffleche Staatsminister duerfir ze suergen, datt Lëtzebuerg esou gutt wéi méiglech d’Eurokris iwwersteet.D’Scholdekris an der Eurozone mécht elo och net méi virun de Länner mat engem AAA Rating Halt. Nieft Däitschland an Holland sinn d’Perspektive vu Lëtzebuerg vu Moody’s vun „stabil“ op „negativ“ zréckgestuft ginn. Dëst ass en weidere Schrëtt an d’Kris, an där Lëtzebuerg riskéiert och an déi negativ Spiral vum Euro eranzegeroden. Déi negativ Bewäertung vun dësen dräi Länner gëtt mat den Onsécherheete vun der Scholdekris an Europa begrënnt an der Wahrscheinlechkeet, datt Griicheland aus der Eurozon austrëtt.

Un dëser Kris dréit de Jean-Claude Juncker en Deel Verantwortung mat: hien huet mat decidéiert, datt Griicheland vun Ufank un an der Eurozone konnt matmëschen, dëst op Grond vu falschen Zuelen a Statistiken. Als Eurogruppechef huet de Jean-Claude Juncker och d’Decisioune matgedroen, an zum Deel selwer proposéiert, déi Europa vu Mount zu Mount, jo bal vun Dag zu Dag, ëmmer méi déif an d’Kris erarutsche léisst.

D’ADR huet, an der Chamber, eng Rei vun dëse Moossnamen net méi matgedroen, wéi d’Erhéijung vun de Garantië fir den EFSF an d’Asetze vum ESM. Déi direkt Hëllefe vu Lëtzebuerg an der Eurokris (Prêt fir Griicheland, Garantië fir den EFSF, Kapital an Engagementer am ESM) leie bei 4 Milliarden €, eng gewalteg Zomm fir onst klengt Land, a bei wäitem déi gréisste Belaaschtung pro Awunner!

Moody’s gesäit an dësen Engagementer ee Faktor fir d’Bonitéit vu Lëtzebuerg erofzesetzen. Weider huet d’Ratingsagentur Zweiwelen, wat d’Zukunft vum nationalen Aarbechtsmaart betrëfft, an iwwert d’Entwécklung vun de Steierrecettë vun der Finanzplaz. Genau dës Punkten huet d’ADR méi wéi eemol an der Chamber ervirbruecht.

D’ADR fuerdert, wéi och féierend Politiker aus Däitschland, den Austrëtt vu Griicheland aus dem Euro, dëst awer mat deenen noutwennege Begleetmoossnamen.

Mä och reng national Decisiounen an d’Entwécklung vun onse Staatsfinanze maachen der ADR, a villen aneren opmierksamen Akteuren, grouss Suergen! D’Lëtzebuerger Staatsschold wiisst a wiisst, all Joer ëm eng Milliard nëmme fir de Staatsbudget am Gläichgewiicht ze halen. Dobäi gëtt d’Kapital op d’Prêten net zeréckbezuelt, a gläich musse fälleg Emprunten nei refinanzéiert ginn!

Och hei fuerdert d’ADR, oft ganz eleng an ouni Gehéier ze fannen, echt Spuermoossnamen am Staatsbudget, wéi z.B. de Verzicht op de Militärfliger oder déi grouss Feelinvestitioun Tram! Awer och déi lafend Depensen am Staatsbudget musse séier an effektiv gebremst ginn, dëst ëmsou méi wou d’Recettë stagnéieren.