Lëtzebuerg brauch en anere Bausseminister!

Virun der Ära Asselborn war Lëtzebuerg e Land, wat dacks eng Vermëttlerroll tëscht de Staate gespillt huet an aktiv an der Konfliktléisung um internationalen Niveau involvéiert war. Mam Jean Asselborn huet sech dat geännert: De sozialistesche Bausseminister beleidegt aner Staaten a Staatscheffen, déi soss mol eis Frënn waren. Vu Courtoisie – eng wichteg Viraussetzung am diplomateschen Déngscht – schéngt den Här Asselborn näischt ze halen. D’ADR ass der Meenung, datt Lëtzebuerg en anere Minister verdéngt huet, e Minister deen endlech ophält, eist Land um internationalen Niveau ze isoléieren. An deem Kontext huet de Fernand Kartheiser de 15. Oktober eng Motioun an der Chamber deponéiert, déi de Récktrëtt vum Jean Asselborn fuerdert.

Deel dëse Post: