Legale Cannabis an internationaalt Recht … wéi geet dat?

Mat enger parlamentarescher Fro mécht de Fernand Kartheiser opmierksam op eng Rëtsch Schwieregkeeten, wa Lëtzebuerg sollt de Cannabis zu “rekreativen Zwecker” legaliséieren. Et ass nämlech esou, datt eist Land sech an enger ganzer Rëtsch internationale Verträg verflicht huet, fir den Handel an de Konsum vun dëser Drog ze ënnerbannen. A wat bei der medezinescher Uwennung kee Problem ass, ka bei Rekreativen awer eent ginn. An de Nopeschlänner gëtt sech jo och d’Fro gestallt, wéi si hir Gesetzer applizéiere sollen, wann d’Drog hei am Land fräi verkaf ka ginn.

Deel dëse Post: