Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Häre Gesondheetsminister, Wirtschaftsminister a Minister fir nohalteg Entwécklung weiderzeleeden.

Zanter dem 1. September vun dësem Joer ass de Verkaf vun de klassesche Luuchtebire fir all Liichtstäerkte verbueden. Dës Bire ginn haaptsachlech duerch „Energiespuerluuchten“ ersat. Ëmmer méi Etudë stellen dës nei Biren awer a Fro a weisen op eng ganz Rei Geforen hin. Och huet, z.B. den ZDF-Magazin „Giftiges Licht, die dunkie Seite der Energiesparlampe“ dëse Problem thematiséiert.

Gréisste Problem ass de Quecksëlwer deen an dëse Biren enthalen ass, an deen sech beim Brieche vun esou Luuchten an der Loft verdeelt an d’Longe kann ugràifen. Och beim Entsuerge vun esou Luuchten, déi eigentlech an dSuperdreckskëscht gehéieren, ass net geséchert, datt sech de Konsument ëmmer un déi néideg Virsiichtsmoossnamen hëlt.

Dowéinst wollt ech déi Häre Ministere froen:

Opgrond vu wéi enge wëssenschaftiechen Etudë sinn d’Virdeeler vun deenen neien elektresche Spilierbire festgestallt ginn?

1. Op wéi engem Niveau an a wéi engem Gremium ass déi Decisioun fir déi nei Energiespuerluuchten anzeféiere an déi klassesch Biren ze verbidde getraff ginn, a wéi wor Lëtzebuerg do representéiert?

2. Wéi eng Positiounen huet Lëtzebuerg an dem Dossier vertrueden?

3. Ass et richteg, datt Ëmweltverbänn a Lobbygruppen un deenen Aarbechten direkt oder indirekt bèdeelegt woren?

4. Ass et richteg, hatt am Fall wou sou eng Energiespuerluucht brécht, d’Gefor entsteet dat gëftege Quecksëlwerdamp entsteet?

5. Wa jo, wat réit d’Regierung de Leit a sou engem Fall an ass de Gesondheetssecteur op Accidenter mat Quecksëlwer virbereet?

6. Sinn Häiser nach bewunnbar an deenen etzu Quecksëlwerdampentwécklungen koum?

7. Gëtt et moossoar an iwwerpréifbar Hiwaiser am Land datt zënter dem Aféiere vun deene Luuchter dë Stroumverbrauch vun deene private Stéit zeréckgaange war an dat d’Stroumrechnungen opgrond vun deenen neie Luuchte manner héich wieren?

8. Gëtt et Virschrëften op wéi eng Manéier déi nei Energiespuerluuchten mussen entsuergt ginn? Kënnen si trotz hirem Quecksëlwer an de normalen Offall gehâit ginn?

9. Wa net, wéi eng Prozedure mussen agehale ginn, fir déi Biren déi Quecksëlwer enthalen ze entsuergen?

10. Wann een d’Energiebilanz vun deenen neien Energiespuerluuchten mécht, aIso inklusiv hirer Produktioun an hirer Entsuergung, wéi verhalt sech déi Energiebilanz dann zu dâr vun deenen alen elektresche Biren?

11. Ass d’Regierung der Meenung, dat een déi al Biren ouni Quecksëlwer nées soll produzéieren, verkaf en a gebrauche kënnen?

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

Réponse du Ministre de la Santé du Ministre du Développement durable et des Infrastructures et du Ministre de l’Economie et du Commerce extérieur à la question parlementaire n° 2318 de Monsieur le député Fernand KARTHEISER relative aux lampes à économie d’énergie.

De “ Règlement (CE) 244/2009 de la Commission du 18 mars 2009 mettant en œuvre la directive 2005/32/CE du Parlement européen et du Conseil en ce qui concerne les exigences relatives à l’écoconception des lampes à usage domestique non dirigées“ (modifizéiert duerch de “ Règlement (CE) 859/2009 de la Commission du 18 septembre 2009 modifiant le règlement (CE) no 244/2009 en ce qui concerne les exigences d ‚écoconception applicables en matière de rayonnement ultraviolet des lampes à usage domestique non dirigées „) schreift Exigenze vir déi, ënner anerem d’Beliichtungsmëttel betreffen déi di klassesch elektresch Bire lues a lues net méi erfëllen. Dës Exigenze gi bis 2016 an Etappen agefouert.

Dëst Règlement ass eng Ausféierungsbestëmmung vun der “ Directive 2005/32/CE du Parlement européen et du Conseil du 6 juillet 2005 établissant un cadre pour la fixation d’exigences en matière d’écoconception applicables aux produits consommateurs d’énergie et modifiant la directive 92/42/CEE du Conseil et les directives 96/57/CE et 2000/55/CE du Parlement européen et du Conseil „. An der Zwëschenzäit ass dës Direktiv abrogéiert an durch d’Direktiv 2009/125/CE ersat ginn.

D’Prozedur fir d’Festleen vun den ausféierende Bestëmmunge vun der Direktiv sinn an der Direktiv selwer festgeluecht. De Projet fir sou Bestëmmunge gëtt vun der Europâescher Kommissioun ausgeschafft op der Basis vun enger preliminärer Etude iwwer d’Produkter zu deenen Exigenze sollen agefouert ginn. Laut der Direktiv muss d’Kommissioun dofir suergen. dass ail d’Memberstaaten an och ail interesséiert Gruppen an dem „forum consultatif un der Diskussioun iwwer de Projet deelhuelen. Duemo gëtt eng Impaktstudie gemaach an de Projet kënnt an de ..comité réglementaire“ an deem nëmmen d’Memberstaate vertruede sinn. Dës Dokumenter kënnen um Internetsite vun der europäischer Kommissioun consultéiert ginn. Lëtzebuerg ass am Forum an am comité réglementaire duerch den “ Institut luxembourgeois de la normalisation, de l’accréditation, de la sécurité et qualité des produits et services “ (ILNAS) vertrueden. An dësem Dossier huet Lëtzebuerg eng neutral Posifioun ageholl a sech beim Vote enthal.

Duerno ënnerläit de Projet bannen dräi Méint dem Vote vum Europaparlament ier e vun der Europäescher Kommissioun definitiv an no enger festgeschriwwener Prozedur ugeholl gëtt. Zum Quecksëlwergehalt vun Energiespuerluuchten steet am Résumé vun der Impakstudie dass „La teneur en mercure des lampes fluocompactes vendues actuellement varie considérablement sans que ces écarts correspondent nécessairement à des caractéristiques ou des performances supplémentaires. Il est donc techniquement possible de réduire la teneur en mercure sans modifier les fonctions des produits. „.

Am Fall wou eng Energiespuerluucht brécht steet an der Impaktstudie dass “ Instructions on how to clean up a broken CFL could he usefully communicated to consumers „.

D’Quantitéit vu Quecksëlwer déi fräigesat gëtt hänkt vum Modell vun der Energiespuerluucht of, well d’Konzentratiounen an den Energiespuerluuchten tëschent de jeeweilege Modelle variéieren.

Am Fall wou eng Energiespuerluucht brécht, kënne bis zu 5 Milligramm Quecksëlwer fräigesat ginn an esou an d’Raumloft gelaangen. Esou kënne Spëtzewäerter vu 50 bis 100 Mikrogramm pro Kubikmeter erreecht ginn. Dëst beleet eng US-amerikanesch Studie („Main Compact Fluorescent Lamp Study“). Deemno kënnen d’Konzentratiounen de rekommandéierte Grenzwäert vun 0,35 Mikrogramm pro Kubikmeter dépasséieren. Dëse Grenzwäert applizéiert sech awer nëmmen am Fall vun enger laang- oder mëttelfristeger, chronescher Expositioun.

Dat däitscht „Umweltbundesamt“ huet Recommandatiounen erausgi fir de Fall wou eng Energiespuerluucht brécht. An deem Fall soll gelëft ginn an et soll een de Raum während enger véirel Stonn verloossen. net staubsaugen, d’Glasschierbelen mat engem Stéck Scotch ophiewen, Gummishändschen undoen, en direkte Kontakt évitéieren an d’Schierbelen an enger Poubelle baussent dem Gebai entsuergen. Aner Moossname sinn net erfuerdert. Ähnlech Recommandatiounen huet och den „Naturschutzbund Deutschland“, d“‚Landesgesundheitsamt Bayern“ an d’Schwäizer „Bundesgesundheitsamt“ erausginn. Déi lëtzebuerger Gesondheetsautoritéiten ënnerstëtzen dës Mesuren. déi am Ausland hir Preuve gemat hunn.

Wann eng Energiespuerluucht brécht ass d’Contaminatioun vu Quecksëlwer awer just vu kuerzer Dauer, sou dass eng chronesch Expositioun wéineg probabel ass.

Et ass deemno och net ze fäerten dass eng laangfristeg Contaminatioun Wunnenge kënnt onbewunnbar maachen.

Gëtt de Raum an deem eng Energiespuerluucht gebrach ass anstänneg gelëft. sou wéi dat däitscht „Umweltbundesamt“ et recommandéiert, ass an der Regel no enger véirel Stonn d’Konzentratioun an der Raumloft däitlech ënnert de Grenzwäert erofgaangen.

Am Fall vun enger Expositioun vu kuerzer Dauer an enger Inhalatioun vu Quecksëlwer geet de Prozentsaz vu Quecksëlwer am Blutt erop, während déi iewescht Grenz HBM-1 vu 5 Mikorgramm pro Liter Blutt net dépasséiert gëtt. Beim HBM-I (Human Biomonitoring) handelt et sech ëm eng wëssenschaftlech Technik déi et erméiglecht déi mënschlech Expositiounen am Kader vun Ëmweltafloss an deenen hir Wierkungen op d’Gesondheet ze évaluéieren.

De HBM-Programm gëtt vun der europäescher Kommissioun (GD Wëssenschaft) ënnerstëtzt.

Et muss een ervirsträichen, dass et och Alternativen zu den Energiespuerluuchte gëtt. an zwar Halogen Luuchten oder LED Luuchten. déi och Energie aspueren, dofir awer net op Quecksëlwer zeréckgräifen.

Laut auslännesche Studien, ass d’Beliichtung an Haushalter fir ongeféier 8-12% vum Stroumverbrauch verantwortlech. Mam Aféiere vun ëmmer méi effizienten Haushaltsapparaten wéi Frigoen, Spull- a Wäschmaschinnen asw. kann de Stroumverbrauch awer och gesenkt

ginn. Duerch ëmmer méi elektresch Apparaten dogéint wéi PC mat kabelfräiem Internetzougang oder ëmmer méi Wärmepompelen an Raumbelüftungen, geet dëse Verbrauch och erëm an d’Luucht. Derbäi kënnt nach den Afloss vum Wieder deen en Impakt op de Stroumverbrauch huet. Op Nofro bei dei Akteuren aus dem Stroumsecteur gouf eis confirméiert, dass de Stroumverbrauch bei Haushalter an deene leschten 3 Joer méi oder wéineger konstant bliwwen ass.

Energiespuerluuchten zielen, wa se zu Offall ginn geneesou wéi déi sougenannten Neonstuben. wéinst hirem Gehalt u Quecksëlwer zu der Kategorie vun de geféierlechen Offall (Offallcode 20 01 21*).

Si mussen als soich och entspriechend séparat agesammelt a behandelt ginn. Op kee Fall duerfen se iwwert deen normale Reschtoffall entsuergt ginn.

D’Regelen. wéi den Ëmgang mat geféierlechen Offall am Allgemengen an doduerch och mat Energiespuerluuchten ze maachen ass, stinn am Offallgesetz vum 21. Mäerz 2012. Donieft falen dës Biren och ënnert d’Produzenteverantwortung gemâss de Bestëmmunge vum ofgeannerte Règlement grand-ducal vum 18. Januar 2005 iwwert Elektro- an Elektronikschrott. Zu Lëtzebuerg huet sech am deem Context d’Associalioun Ecotrel gegrënnl. An der Praxis ass et esou, datt bei de Betriber dës Luuchte séparât agesammeit ginn. Bei de Privatleit ginn dës Luuchten iwwert d’SuperdrecksKëscht fir Bierger an deene verschiddene Sammelplazen agesammeit. D’Luuchte ginn am Tëschelager zu Colmar-Bierg regruppéiert an dann am Cader vun enger Offalltransportnotificatioun a mat engem autoriséierten Offalltransporter duerch d’Ecotrel bei eng entspriechend genehmegt Opbereedungsanlag gefouert.